NFL Week 11Lions iwwerrennen Jaguars, Chiefs net méi ongeschloen

Kevin Kayser
Ganz enk war et tëscht de Packers an de Bears, wärend sech d'Texans den Texas-Duell kloer séchere konnten.
© Photo by Jorge Lemus / NurPhoto / NurPhoto via AFP

Et kann ee scho bal vun “deklasséiert” schwätzen, wann een d’Partie vun den Detroit Lions géint d’Jacksonville Jaguars wëll resuméieren. Am Duell vun de Wëllkaze war quasi just eng Ekipp um Terrain, déi Hellblo aus Detroit. Dobäi waren den Jaguars direkt am éischten Drive d’Hallschent vun hire Punkte gelongen, dat duerch e Fieldgoal. Dëst konnte si am zweete Véierel nach eng Kéier widderhuelen. Fir de Recht dann dës Zuele vun de Lions: Den Jared Goff huet 24 vun 29 Bäll un de Mann bruecht, dat fir 412 Yards a véier Touchdownen. Dobäi koumen d’Runningbacks Montgomery a Gibbs och nach zesummen dräi Mol an d’Endzon fir sechs Punkten. Rechent een alles zesummen, och nach all Extrapunkt en ee Fieldgoal vun hirem Kicker, hunn d’Lions de sechs vun den Jaguars ganzer 52 Punkten dogéint gesat.

Dat et am American Football och méi spannend geet, hunn d’Chiefs an d’Bills gewisen. Déi ongeschloen Ekipp aus Kansas City huet missen op Buffalo reesen, déi och wëssen, wéi een e Match gewënnt. D’Bills hunn doheem vun Ufank u gewisen, datt si d’Victoire doheem hale wëllen an direkt bei der éischter Pass vum Superstart Patrick Mahomes konnt d’Defense de Ball offänken. Dono sinn d’Bills a Féierung gaangen an hu wéineg Feeler gemaach, fir d’Chiefs wierklech zeréckkommen ze loossen. Grad hir Defense, déi just dräi Touchdowns zougelooss huet, huet e groussen Undeel drun, datt si dës Partie mat 30:21 gewanne konnten.

Ganz enk gouf d’Partie tëscht de Green Bay Packers an de Chicago Bears. Wärend et laang dono ausgesinn hat, wéi wann d’Bears doheem kéinte gewannen, ëmmerhi ware si am leschte Véierel nach 19:14 vir, konnten d’Packer mat hirem leschte Ballbesëtz sechs Punkte maachen a knapp a Féierung goen. Ma de Bears wier mat nach 3 Minutten op der Auer e Fieldgoal duergaangen, fir d’Partie ze wannen. D’Defense vun de Packers konnt d’Bears stoppen an dem Special Team war et gelongen, fir de Schoss ze blocken, esou datt d’Packers d’Punkte bei der 20:19-Victoire mat Heem huele konnten.

Ab der Nuecht op en Dënschdeg du gouf et den Texas Duell: d’Cowboys hunn doheem zu Dallas d’Texans aus Houston empfaangen. An et soll einfach net d’Saison vum “America’s Team” sinn. Well schonn am éischte Véierel ware si 14:0 am Réckstand. Déi eenzeg Punkte fir d’Cowboys sinn am zweete Véierel gefall, wou si een Touchdown an ee Fieldgoal markéiere konnten. Fir de Recht waren et just d’Texans, déi sech feiere konnten, an déi dono eng 34:10-Victoire um Compte stoen haten.

D’Resultater am Iwwerbléck

Washington Commanders - Philadelphia Eagles 18:26
Green Bay Packers - Chicago Bears 20:19
Jacksonville Jaguars - Detroit Lions 6:52
Las Vegas Raiders - Miami Dolphins 19:34
Los Angeles Rams - New England Patriots 28:22
Cleveland Browns - New Orleans Saints 14:35
Baltimore Ravens - Pittsburgh Steelers 16:18
Minnesota Vikings - Tennessee Titans 23:13
Indianapolis Colts - New York Jets 28:27
Atlanta Falcons - Denver Broncos 6:38
Seattle Seahawks - San Francisco 49ers 20:17
Kansas City Chiefs - Buffalo Bills 21:30
Cincinnati Bengals - Los Angeles Chargers 27:34
Houston Texans - Dallas Cowboys 34:10

Back to Top
CIM LOGO