
Um Mëttwoch goufen d’Géigner vum FC Barcelona an Ajax Amsterdam gesicht, déi sech schonn um Dënschdeg fir d’Halleffinall konnte qualifizéieren.
1:0 huet et no 90 Minutten zu Tottenham fir d’Heemekipp geheescht. Eng gutt Ausgangspositioun also, obwuel d’Ekipp op hire Starstiermer Harry Kane muss verzichten, dee sech an der éischter Véierelsfinall wéigedoen hat.
Fir City war et kloer. E séiere Gol an alles ass nees op. A vill méi séier wéi de Sterling konnt een et net maachen. 4 Minutten huet hie gebraucht, fir eng gutt Pass vum De Bruyne am Netz ënnerzebréngen.
Tottenham huet dëst awer wéineg beandrockt. De Laporte huet eng Pass vum Alli onglécklech direkt an d’Féiss vum Son ofgefälscht, dee sech dës Chance net huele gelooss huet. Mat sengem Schoss huet hien den Ederson um falsche Fouss erwëscht an de Ball rullt an de Gol. 1:1 no 7 Minutten.
10 Minutte gespillt. De Laporte leet sech de Ball ze wäit fir, de Moura kann e gewannen leet quasi e séiere Konter an. Pass op den Ericson, weider op de Son an de Südkorea markéiert den 2:1 mat engem flotte Schoss.
Eng Minutt méi spéit. Séier Attack vu Manchester an de Ball geet op riets eraus. En e bëssen ongeféierleche Schoss gëtt vum Rose ofgefälscht an deen erwëscht säi Golkipp vum falsche Fouss an de Ball lant am Gol 2:2 no 11 Minutten.
Beim Stand vun 2:2 hätt Manchester City 2 Goler misste schéissen, fir nach eng Ronn weider ze kommen. An der 21. Minutt hu si do e gudde Schratt an déi richteg Richtung gemaach. Nees war et de Sterling dee richteg Stoung, nodeem den De Bruyne de Ball ganz geféierlech queescht duerch de 5 Meter gepasst huet: 3:2 fir City.
Dono ass d’Partie e bësse méi verflaacht. Manchester hat méi vum Match, huet sech awer ëmmer nees kleng Feeler geleescht, déi Tottenham awer dunn net méi bestrofe konnt. Batter fir d’Gäscht war dann och, datt sech de Sissoko an engem Zweekampf blesséiert huet an huet missten nach an der éischter Hallschent ausgewiesselt ginn. Déi ass dann och beim 3:2 fir d’Heemekipp ausgaangen.

Nom Säitewiessel huet Manchester City weider dominéiert. Ëmmer nees am Mëttelpunkt de Kevin De Bruyne. Et war dann och net verwonnerlech, datt et an der 59. Minutt nees de Belsch war, deen de 4:2 virbereet huet. Eng Pass queesch duerch de Strofraum op de Aguero, deen einfach just voll ofgezunn huet. Mat deem Score wier Man City elo duerch.
Tottenham huet awer just 1 Gol gebraucht. Ma hinnen ass laang net vill gelongen a City war méi no um 5:2 wéi si um 4:3. Ma wéi gesot, just 1 Gol hu se gebraucht. A wann et aus dem Spill eraus net geet, dann iwwert e Standard. Den Trippier huet de Ball erabruecht an de Llorente huet e mat senger Hëft erageschoss. Well den Aarm awer net wäit ewech war, huet den tierkeschen Arbitter sech d’Zeen nach eng Kéier ugekuckt an de Gol dono confirméiert.
City huet sech net opginn a weider no Vir gespillt. An der 92. Minutt huet de Sterling du säin drëtte Gol markéiert, huet all Mënsch um Terrain geduecht. Ma de Videoarbitter hat eppes dogéint. Et gouf op Abseits entscheet an Tottenham war nach eng Kéier mat engem bloen A dovu komm. An de leschte kuerze Minutte hat City awer keng kloer Geleeënheet méi, esou datt et fir si net sollt duergoen.
Tottenham verléiert zwar bei Mancity, ka sech awer fir d’Halleffinall vun der Champions League qualifizéieren.

Liverpool ass mat engem 2:0 am Gepäck op Porto gereest an hat d’Kaarten all selwer an der Hand, fir an d’Halleffinall anzezéien.
Porto huet also misste gewannen an genau dat hu si och am Ufank gewisen, dat si dat wollten. Si konnte sech an den éischten 30 Minutten e puer Chancen erausspillen, awer keng Notzen. Sou ass de Marega direkt e puer Mol net laanscht den Alisson am Gol vu Liverpool komm an och den Herrara hat et net hikritt. An der 27. Minutt dunn e Gol vum Mané no Virlag vum Salah. De Linienrichter hat de Fändel awer gehuewen. De Videoarbitter huet sech gemellt an et gouf decidéiert, datt de Mann un der Linn net Recht hat. 1:0 also fir Liverpool no 28 Minutten. Direkt am Géigenzuch hat de Brahimi d’Chance auszegläichen, ma et ass him net gelongen. Dono war de Schwong vu Porto, déi bis dohinner dominéiert haten, fort, esou datt et mam e bësse gléckleche Score vun 1:0 fir Liverpool an d’Paus gaangen.
Déi zweet Hallschent dann am Ufank ganz ähnlech, wéi déi Éischt. Porto hat méi Ballbesëtz, méi vum Match a méi Golchancen, ma eng eenzeg gutt Aktioun ass Liverpool duergaangen, fir op 2:0 z’erhéijen. Den Arnold konnt de Ball recuperéieren an huet mat enger gudder Pass an d’Déift de Salah fonnt. Den Egypter quasi am 1 géint 1 géint de Golkipper huet sech dës Chance net huele gelooss, fir ze markéieren.
Den Eder Militao konnt dann op 2:1 verkierzen, dann no engem Corner vum Alex Telles an der 68. Minutt. Ma dës Gol huet dann éischter Liverpool erwächt, well 9 Minutte méi spéit huet de Firmino eng Flank vum Henderson erakäppen an an der 84. Minutt huet de Van Dijk no engem Corner getraff. De Mané konnt de Ball verlängeren an de Van Dijk huet en dunn eragekäppt. Et war de leschte Gol vun dësem Match, dee Liverpool zum Schluss kloer mat 4:1 gewanne konnt.
Esou ass et dann och elo kloer: Tottenham trëfft an der Halleffinall op Ajax Amsterdam a Liverpool kritt et mat dem FC Barcelona ze dinn.