Internationale FuttballLiverpool bleift Tabelleleader, Florenz a Juve deele sech Punkten

RTL Lëtzebuerg
An England huet Liverpool Newcastle mat 3:1 geklappt. Tëschent dem FC Florenz a Juventus Turin ass um Samschdeg kee Gol gefall.
© AFP

Iwwerdeems kann sech Manu mat 1:0 géint Leicester City behaapten an de Real vu Madrid wënnt mat 3:2 géint den UD Levante.

Premier League

Liverpool - Newcastle United 3:1
5 Matcher, 5 Victoiren. Liverpool huet sech trotz engem 0:1 Réckstand um Enn mat 3:1 géint Newcastle duerchgesat a steet domatt souverän mat 15 Punkten op der 1. Plaz.

Mam Gol vum Willems ass Newcastle iwwerraschent no 7 Minutte mat 1:0 a Féierung gaangen. Nom Schock huet sech den LFC awer relativ séier gefaangen. De Mané huet an der 28. Minutt duerch e schéine Schlenzer an de rietsen Eck zum 1:1 ausgeglach. Kuerz virun der Paus huet ërem de Mané zougeschloen an op 2:1 erhéicht. An der 72. Minutt huet de Salah mat sengem Gol zum 3:1 fir d’Schlussresultat gesuergt.

Manchester United - Leicester City 1:0
1:0 Rashford (8')

Tottenham Hotspur - Crystal Palace 4:0
1:0 Son (10'), 2:0 van Aanhaolt Selbstgol (21'), 3:0 Son Heung-Min (23'), 4:0 Lamela

Wolverhampton Wanderers - FC Chelsea 2:5
0:1 Tomori (31'), 0:2 Abraham (34'), 0:3 Abraham (41'), 0:4 Abraham (55'), 1:4 Abraham (Selbstgol) (69'), 2:4 Cutrone P. (85'), 2:5 Mount (90+6')

Norwich City - Manchester City 3:2
Iwwerraschung zu Norwich! De grousse Favorit an Titelverdeedeger Manchester City louch schonns no 30 Minutten mat 0:2 hannen. Goler fir Norwich hunn de McLean (18') an de Cantwell (28') geschoss. Quasi mam Pausepëff konnt den Aguero op 1:2 verkierzen. An der 2. Halschent huet de Pukki an der 50 Minutte op 3:1 erhéicht. De Rodrigo konnt an der 88. Minutt op 2:3 verkierzen. Zum Ausgläich sollt et awer net méi kommen. Domatt verléiert den aktuellen Titelverdeedeger wäertvoll Punkten am Kampf ëm de Championstitel a läit no 5 Spilldeeg ganzer 5 Punkten hannert Liverpool.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

AC Florenz - Juventus Turin 0:0

Juventus Turin ka sech um Enn glécklech schätzen, net zu Florenz verluer ze hunn. D’Florentina, bei deenen de Franck Ribéry vun Ufank um Terrain stoung, hu kierperlech alles ginn, sech an all Ball geworf an dem italienesche Champion op dësem Samschdeg alles ofverlaangt. Eenzeg e Gol sollt der Ekipp aus der Toskana net geléngen, sou dass et no 90 Minutten 0:0 stoung.

SSC Neapel - Sampdoria Genua 2:0
1:0 Mertens (13'), 2:0 Mertens (67')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

PSG - Racing Stroossbuerg 1:0
Bei Paris St Germain huet den Neymar an der 2 Minutt vun der Nospillzäit den entscheedende Gol fir seng Faarwe geschoss.

Girondins Bordeaux - FC Metz (20h00)

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

Real Madrid - UD Levante 3:2
1:0 Benzema (25'), 2:0 Benzema (31'), 3:0 Casemiro (40'), 3:1 Mayoral (49'), 3:2 Melero (75')

Real Sociedad - Atlético Madrid 2:0
1:0 Odegaard (58'), 2:0 Monreal (61')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Back to Top
CIM LOGO