
E Freideg den Owend hat Mainz bei der 4:0-Victoire keng Problemer géint Freiburg. Duerch dëse Succès huet d’Lokalformatioun d’Gäscht an der Tabell iwwerholl an huet elo 1 Punkt Avance op der 12. Plaz.
D’Virentscheedung am Match ass schonn an den éischte 45 Minutte gefall. Freiburg war wuel besser an d’Partie gestart, ma nom 1:0 vum Boetius, deen de Schwolow duerch e Feelpass provozéiert huet, huet d’Lokalekipp hir Chancen äiskal ausgenotzt a konnt duerch Goler vum Mateta an der 26. Minutt an an der 33. Minutt d’Féierung bis d’Paus op 3:0 ausbauen.
No der Paus war Freiburg weider beméit an hat och méi vum Match, ma d’Ekipp vum Streich war einfach net konsequent genuch virum Gol an huet d’Chancen net genotzt. An der 73. Minutt huet Mainz dunn nees äiskal zougeschloen an ass duerch den Onisiwo mat 4:0 a Féierung gaangen. Kuerz drop huet et nees am Freiburger Gol gerabbelt. De Mateta huet op 5:0 erhéicht, wat och d’Schlussresultat sollt sinn.
De Lëtzebuerger Nationalspiller Leandro Barreiro stoung net am Kader vun de Mainzer.
An der Englescher Premier League huet Liverpool um 33. Spilldag mat 3:1 zu Southampton gewonnen. D’Lokalekipp war an der 9. Minutt duerch e Gol vum Long mat 1:0 a Féierung gaangen. An der 36. Minutt koum dunn d’Reaktioun vum Klopp senge Spiller. De Keita huet fir Liverpool op 1:1 gesat. Mat dësem Tëschestand ass et an d’Paus gaangen.
An den zweete 45 Minutten huet Liverpool sech géint Southampton weider schwéier gedoen an esou ass eréischt an der 80. Minutt den 2:1 gefall. De Salah huet Liverpool a Féierung bruecht. An der 86. Minutt huet dunn den Henderson mam 3:1 fir d’Entscheedung gesuergt. Liverpool gewënnt domadder a séchert sech an der Course ëm de Championstitel 3 wichteg Punkten. D’Ekipp vum Klopp iwwerhëlt an der provisorescher Tabell nees d’Féierung an huet elo 2 Punkte Virsprong op Manchester City, déi awer ee Match manner hunn.