Internationale FuttballLiverpool dréit de Match a wënnt 2:1 a leschter Minutt

RTL Lëtzebuerg
A Spuenien gouf et iwwerdeems eng Iwwerraschung. Barcelona huet nämlech auswäerts bei Levante de Kierze gezunn, dobäi ware Messi a Co. no 45 Minutte vir.
© afp

Premier League

Aston Villa - FC Liverpool 1:2
1:0 Trézéguet (21'), 1:1 Robertson (87'), 2:1 Mané (90'+4)

D’Reds, déi an der Premier League schonn eng confortabel Avance an der Tabell op City hunn, ware géint Aston Villa gefuerdert. Am Villa-Park war et d’Lokalekipp, déi mat 1:0 a Féierung goe konnt. Ee Fräistouss aus dem Halleffeld vum McGinn hat den Trézéguet um 2. Potto fonnt. Liverpool war an der 2. Hallschecht ënner Drock, krut awer net dat op den Terrain, wat ee vun hinne gewinnt ass.

3 Minutte viru Schluss koum den Champions-League-Gewënner dunn awer zeréck. De Robertson konnt um 2. Potto eng Flank vum Mané am Filet vum Heaton am Gol fir den 1:1 ënnerbréngen. Huet de Mané den 1:1 nach virbereet, huet de Mann aus dem Senegal mat sengem Gol fir den 2:1 fir d’Reds gesuergt. Domat bleiwen d’Jonge vum Jürgen Klopp ongeschloen op Plaz 1 an der Tabell.

© afp

Manchester City - FC Southampton 2:1
0:1 Ward-Prowse (13'), 1:1 Agüero (70'), 2:1 Walker (87')

Eng Iwwerraschung huet sech iwwerdeems och an der Partie tëscht City a Southampton ugedeit. Den Underdog goung nämlech an der 13. Spillminutt a Féierung a konnt den 1:0-Avantage och mat an d’Paus huelen. 20 Minutte viru Schluss huet den Agüero fir den 1:1-Ausgläich gesuergt an d’Partie war nees relancéiert. An der Schlussphas huet City de Match du gedréit, wéi de Walker op 2:1 gesat huet.

AFC Bournemouth - Manchester United 1:0
1:0 King (45')

Um 11. Spilldag an der englescher Premier League huet Manchester United beim AFC Bournemouth mat 0:1 de Kierzere gezunn. De King huet fir d’Lokalekipp an der 45. Spillminutt de Gol vum Dag geschoss. An der 2. Halschent hat Manchester United wuel e puer Golchancen, huet den Ausgläich awer net méi geschoss. United bleift weiderhin am Mëttelfeld vun der Tabell hänken.

© afp

FC Arsenal - Wolverhampton 1:1
1:0 Aubameyang (21'), 1:1 Jiménez (76')

Nodeems den Ex-Dortmunder Aubameyang d’Gunners am 1. Duerchgang a Féierung geschoss huet, konnten d’Wolves am 2. duerch de Jiménez ausgläichen. Am weidere Verlaf vun der Partie konnt Arsenal am eegene Stadion keng Schëpp méi dropleeën an d’Resultat ass beim 1:1 bliwwen.

FC Watford - FC Chelsea 1:2
0:1 Abraham (5'), 0:2 Pulisic (55'), 2:1 Deulofeu (80')

Chelsea ass mat engem 1:0-Avantage an d’Paus gaangen, dat well den Abraham scho fréi am Match markéiere konnt. Den Ex-Dortmunder Pulisic huet iwwerdeems op 2:0 erhéicht. 10 Minutte viru Schluss huet den Deulofeu op 1:2 verkierzt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

AS Rom - SSC Neapel 2:1
1:0 Zaniolo (19'), 1:1 Veretout (55'), 1:2 Milik (72')

An der italienescher Haaptstad hat d’Roma den SSC Napoli op Besuch. D’Lokalekipp goung an der 1. Hallschecht a Féierung an hat esouguer d’Chance, dës auszebauen, ma de Kolarov huet awer an der 26. Minutt een Eelefter geschoss. D’Réimer kruten awer an der 2. Hallschecht nach eng Méiglechkeet vum Punkt, déi de Veretout verwandele konnt. Den Neapolitaner aus nach den 1:2 Uschlosstreffer gelongen.

FC Bologna - Inter Mailand 1:2
1:0 Soriano (59'), 1:1, 1:2 Lukaku (75', 90'+2)

Inter huet déi 3 Punkten zu Bologna dem Lukaku ze verdanken. D’Nerazzuri waren nämlech mat 0:1 hannen an dunn huet de Belsch opgedréint. D’Éischt huet hie 15 Minutte viru Schluss fir seng Faarwen ausgeglach a méi spéit, an der 2. Minutt vun der Nospillzäit, huet hie mat engem Eelefter d’Partie komplett gedréit.

© afp

FC Turin - Juventus Turin 0:1
0:1 de Ligt (70')

Am Derby della Molle vun Turin ass den FC op d’Juventus getraff. D’Favroitterolle war séier verdeelt, huet ee sech virum Match d’Opstellunge vu béiden Ekippen ugekuckt: mat Pjanic, de Ligt, Dybala an den CR7 sinn d’Bianconeri exzellent besat. Ma de Star-Ensembel vun der Juve krut an den éischte 45 Minutten d’PS net op den Terrain. Eréischt ee Gol vun der jonke hollännescher Vedette de Ligt huet Juventus 20 Minutte viru Schluss op d’Gewënnerstrooss bruecht.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

La Liga

UD Levante - FC Barcelona 3:1
0:1 Messi (38'), 1:1 Campana (61'), 2:1 Mayoral (63'), 3:1 Radoja (68')

De Barça wollt seng Leaderpositioun an der spuenescher Liga mat enger Auswäerts-Victoire géint Levante zementéieren. Keen aneren, wéi de Lionel Messi huet d’Katalane vum Punkt an den Avantage bruecht. Den Téi bei Levante muss gutt geschmaacht hunn, well den Underdog koum mat 100 à l’heure aus de Kabinnen. An Zäit vu 7 Minutten huet Levante d’Partie nämlech géint d’Favoritten aus Barcelona gedréint.

© afp

FC Sevilla - Atlético Madrid 1:1
1:0 Vazquez (28'), 1:1 Morata (60')

Den FC Sevilla, de Géigner vum F91 Diddeleng an der Europa-League-Gruppehas, ass kuerz virun der hallwer Stonn duerch de Vazquez a Féierung komm. Op der Stonn dunn huet de Morata 1:1 ausgeglach. Atlético hat am weidere Verlaf d’Chance, d’Partie ze dréien, ma de Costa huet awer an der 70. Spillminutt vum Punkt aus versot.

Real Madrid - Betis Sevilla 0:0

Dem Trainer Zidane seng Kinneklech sinn am eegene Stadion net iwwer een 0:0 géint Betis Sevilla erauskomm.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Ligue 1

Olympique Marseille - OSC Lille 2:1
1:0 Sanson (49'), 2:0 Gabriel (79') / (Selbstgol), 2:1 Soumaoro (83')

De Club vum President Gerard Lopez huet zu Marseille verluer. Dem Lëtzebuerger seng Ekipp huet mat 1:2 de Kierzere gezunn.

FC Metz - HSC Montpellier 2:2
1:0 Diallo (26'), 2:0 Nguette (47'), 1:2 Delort (72'), 2:2 Sambia (78')

Metz huet eng 2:0-Féierung aus der Hand ginn an um Enn just 2:2 gläichgespillt. Méi zu dësem Match bei eise Kollege vu 5minutes.

LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO