Internationale FuttballLiverpool gewënnt de Merseyside Derby, Marseille muss an d'Eelefmeterschéissen

RTL Lëtzebuerg
Chelsea huet souverän mat 2:0 géint Nottingham Forest gewonnen. Iwwerdeems gi Lille a Lazio Roum als Gewënner vum Terrain.
© AFP

Serie A

Brescia Calcio - Lazio Roum 1:2
1:0 Balotelli (18'), 1:1 Immobile (42'), 1:2 Immobile (90+1')

De Gaascht aus Roum war wuel déi besser Ekipp, ma et sollt fir d’Lokalekipp de Balotelli sinn, deen den 1:0 fir Brescia Calcio an der 18. Minutt geschoss huet. Virun der Paus war et dunn den Immobile, deen zum verdéngten Ausgläich markéiere konnt. An der Schlussphas huet de Gaascht vu Roum nach emol alles no vir geheit an esou gouf de Lazio duerch hire Stiermer Immobile an der 1. Minutt vun der Nospillzäit belount. No engem schéinen Zouspill vum Caicedo huet den Immobile de Ball an de rietsen Eck geschoss an esou fir d’Victoire gesuergt.

SPAL - Hellas Verona 0:2
0:1 Pazzini (14'), 0:2 Stepinski (86')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

La Liga

Real Sociedad - FC Villareal 1:2
1:0 da Silva (22'), 1:1 Trigueros (58'), 1:2 Cazorla (72')

Obwuel de Gaascht FC Villareal an der 1. Hallschent déi besser Ekipp war, huet den da Silva an der 22. Minutt den 1:0 fir d’Lokalekipp geschoss. Trotz gudde Chancë sollt Villareal an deenen éischte 45 Minutte kee Gol méi geléngen. Obwuel Villareal sech nom Téi méi schwéier gedoen huet, sollten d’Goler awer bemol falen. Sou waren et den Trigueros (58') an de Cazorla (72'), déi d’Goler zur Victoire bäigesteiert hunn. Villareal hält domat den Uschloss op d’Europapokal-Plazen.

Deportivo Alavés - Betis Sevilla 1:1
1:0 Vidal (14'), 1:1 Emerson (55')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

FA Cup

FC Liverpool - FC Everton 1:0
1:0 Jones (71')

De Liverpool Trainer Jürgen Klopp ass de Merseyside Derby mat enger B Formatioun ugaangen. Obwuel eng sëlleg Spiller gefeelt hunn, konnten sech d’Reds no engem wonnerbare Schoss vum 18 jonke Jones, deen de Ball vun der Strofraumgrenz an de Wénkel geschoss huet, mat 1:0 géint Everton duerchsetzen.

FC Middlesbrough - Tottenham Hotspur 1:1

1:0 Fletcher (50'), Lucas (61')

Och am FA Cup huet sech Tottenham schwéier gedoen an ass beim FC Middlesbrough aus der zweeter englescher Liga (Championship) net iwwert een 1:1 eraus komm. Tottenham louch no 50. Minutte souguer mat 0:1 a Réckstand, éier de Lucas fir de Favorit ausgläiche konnt. Duerch den 1:1 entscheet sech dann am Réckmatch, wéi eng vu béiden Ekippen an déi nächst Ronn anzitt.

FC Chelsea - Nottingham Forest 2:0
1:0 Hudson-Odoi (6'), 2:0 Barkley (33')

Coupe de France

FC Trélissac - Olympique Marseille 3:5 (n.E.)
1:0 Diaby (1'), 1:1 Payet (20')
Olympique Marseille huet sech beim FC Trélissac aus der franséischer Ligue 2 ganz schwéier gedoen, dat nodeems d’Lokalekipp de Favorit no 1 Minutt duerch e Gol vum Diaby kal erwëscht huet. An der 20. Minutt war et dunn de Payet, deen den Ausgläich fir Marseille markéiere konnt. Marseille huet wuel alles no vir geheit, ma sollt et fir béid Ekippen zu kengem Gol méi kommen. De Sakai krut an der 1. Minutt vun der Nospillzäit eng giel-rout Kaart fir Marseille. An der Verlängerung ass kee Gol méi gefall, sou dass et an d’Eelefmeterschéisse gaangen ass. Hei huet Trélissac 2 Mol net getraff, sou dass sech Marseille awer nach konnt duerchsetzen an déi nächste Ronn erreeche konnt.

Raon L Etape - OSC Lille 2:3
0:1 Araujo (14'), 0:2 Fonte (47'), 0:3 Remy (64'), 1:3 Duminy (77'), 2:3 Hassidou (83')

Back to Top
CIM LOGO