
An der Finall vun der FIFA Club-WM huet sech um Samschdeg den Owend de Favorit aus Liverpool mat 1:0 géint de brasilianesche Meeschter Flamengo Rio de Janeiro no Verlängerung zu Katar duerchgesat.
An enger spannender Partie war et Liverpool, déi besser an de Match komm sinn, an direkt sech zwou gutt Chancen erausgespillt hunn. An der 1. Minutt war et den Firminio, kuerz dorop de Keita. Ee Gol sollt hinnen awer net geléngen. Dono war et awer Flamengo, déi de Match kontrolléiert hunn, ouni awer wierklech geféierlech ze ginn. Mat engem 0:0 ass et deemno an d’Paus gaangen.
Direkt nom Téi war et erëm de Firminio, hie sollt allerdéngs just de Potto treffen. An der 54. Minutt hat Flamengo déi éischt gutt Chance a dësem Match. De Schoss vum Barbosa sollt de Alisson am Gol vu Liverpool awer paréieren. An der Nospillzäit vun der regulärer Spillzäit ass et nach emol hektesch ginn, Spiller vu Liverpool hunn no engem Foul um Mané en Eelefmeter gefuerdert. Ma de Videoarbitter huet dëst net esou gesinn. Deemno ass et mat engem 0:0 an d’Verlängerung gaangen.
An der 99. Minutt huet et dunn am Gol vu Flamengo gerabbelt. De Mané ass ma senger Vitess de Verdeedeger fortgelaf, huet de Ball op de Firminio geluecht, an dësen de Ball an de Filet geschoss. Flamengo huet wuel alles versicht, ma et ass hinnen net méi gelongen, wierklech geféierlech ze ginn.
Liverpool huet domadder fir déi éischte Kéier an hirer Veräinsgeschicht Club-WM gewonnen.