
Den FC Liverpool krut et doheem mam FC Porto ze dinn a konnt sech 2:0 behaapten. Am reng engleschen Duell tëscht Tottenham Hotspur a Manchester City konnte sech d’Spurs 1:0 duerchsetzen.
E Mëttwoch spillen dann nach Ajax Amsterdam géint Juventus Turin a Manchester United géint den FC Barcelona. Dës Partie kënnt Dir och live um 2. RTL an am Livestream op RTL.lu gesinn.
D’Retourmatcher ginn ewell déi aner Woch gespillt: En Dënschdeg Juve-Ajax a Barça-Man. United, e Mëttwoch Porto-Liverpool a Man. City-Tottenham.
D’Ekipp vum Jürgen Klopp hat en optimale Start erwëscht, well an der 5. Minutt huet et scho gerabbelt am Gol vu Porto: En ofgefälschte Schoss vum Keïta ass onhaltbar am Netz gelant.

A Liverpool huet weider Drock gemaach, wollt doheem wann net scho fir eng Virentscheedung, esou dach op d’mannst fir eng exzellent Ausgangspositioun en vue vum Retourmatch suergen ...
An der 21. Minutt hat de Salah den 2:0 um Fouss, ma hien trëfft den eidele Gol net. 5 Minutten drop ass den 2:0 dunn awer gefall, wéi de Firmino an der 26. Minutt goldrichteg um Fënnefmeter stoung, nodeems den Alexander-Arnold flaach an d’Mëtt eraginn hat ... an d’Portugisen op Abseits spekuléiert haten.
Et war also déi net ganz onerwaarten Dominanz vun de Reds, ma Porto huet sech gewiert, an der 30. Minutt hätt een op en Hoer op 1:2 verkierzt. Trotzdeem goung et mat engem 2:0-Avantage fir Liverpool an d’Paus.

Och déi zweet 45 Minutten hu perfekt fir Liverpool ugefaangen, am dem Mané säi Gol an der 48. huet awer net gezielt - Abseits!
A Porto huet sech gewiert, ee Gol wier jo och duergaang, fir trotz Defaite keng schlecht Ausgangspositioun fir den Allermatch ze hunn.
Et ass hin an hier gaangen, ma ouni datt weider Goler gefall sinn. An der 82. Minutt huet Porto e Fouleelefmeter reklaméiert, ma den Arbitter huet dat anescht gesi gehat.
Trotz 3 Minutten Nospillzäit ass et beim 2:0 bliwwen a Liverpool steet mat engem Been an der Halleffinall vun der Champions League.
Ganz taktesch - esou huet sech den engleschen Duell an der éischter Hallschent presentéiert. Am neie Stadion war Tottenham natierlech gefuerdert, ma City huet gelauert. D’Partie huet virun allem vun der Spannung gelieft, well all Ament eppes geschéie konnt ...
... wéi an der 12. Minutt, wéi City een Eelefmeter krut - nom Videobeweis gouf en Händs vum Rose sanktionéiert. Ma den Agüero huet schwaach geschoss an de Lloris konnt paréieren, also weider 0:0.
Mat deem Resultat ass et och an d’Paus gaang, well an den éischte 45 Minutte ware Golchancë seelen. Tottenham hat der e puer méi wéi City, honnertprozenteger waren awer kaum drënner.

Och no der Paus si sech béid Ekippen trei bliwwen: Si hunn zolidd verdeedegt an net ze vill riskéiert, deementspriechend rar ware geféierlech Aktioune virum Gol vum Géigner.
An der 58. Minutt huet de Kane musse vum Terrain, de Stiermer vun de Spurs hat sech blesséiert, fir hie koum de Moura ran.

An der Mëtt vun der zweeter Hallschent ass du Manchester City méi staark ginn a konnt Tottenham ëmmer méi dacks no hannen drécken. De Spurs, hat een den Androck, sinn d’Bee méi schwéier ginn ...
A grad dunn - an der 78. Minutt - huet de Son fir Tottenham getraff: Hie krut de Ball am 16-Meter an huet en och nach net opginn, wéi e bal am Aus war. Huet sech gedréit, gedribbelt a getraff! Dat war deen dach du iwwerraschenden 1:0 fir Tottenham.

D’Ekipp vum Pep Guardiola huet nach eng Kéier alles no vir geheit, ma ouni Succès: City verléiert 0:1 géint Tottenham.