Déi ronn 67.900 Spectateuren hunn zu Madrid eng taktesch 1. Hallschecht gesinn. Liverpool krut awer no 22 Sekonnen een Eelefter zougeschriwwen. De Salah huet dëse propper verwandelt an d’Reds mat 1:0 an den Avantage geschoss - esou goung et mat engem Virsprong vun engem Gol fir Liverpool op den Téi.
Den zweeten Duerchgang goung mat engem liichte Plus fir d’Spurs weider, ma Tottenham konnt keng entscheedend Aktiounen no vir lancéieren. Liverpool konnt iwwerdeems ëmmer nees mat geziilten Aktiounen no vir geféierlech ginn, ma och de Reds huet dat néidegt Duerchsetzungsverméige fir een 2. Gol gefeelt. Deen 2. Gol ass dunn awer fir Liverpool gefall, dat an der 87. Spillminutt duerch den agewiesselten Divock Origi. Mam 2:0 vum belschen Nationalspiller war d’Partie entscheet.

D’Reds hunn no der Partie de Jürgen Klopp gefeiert.
Liverpool wollt d'1:3-Defaite aus der Finall vun der leschter Saison géint Real Madrid mat engem Succès iwwert Tottenham Hotspurs vergiessen. D’Jonge vum Jürgen Klopp sinn zu Madrid am Wanda Metropolitano awer op d’Spurs getraff, déi sech an der hallwer Finall an engem Krimi géint Ajax Amsterdam in extremis behaapte konnten. D’Reds waren awer deemno géint d’Ekipp vum Mauricio Pochettino de Favorit, och well si de Messi a Co. an der Halleffinall op spektakulär Aart a Weis aus dem Turnéier geschoss hunn.
An der Premier League hat Liverpool an de béide Renconteren d’Nues vir, d’Futtballwelt huet e Samschdegowend deemno gespaant op Madrid gekuckt. De Match gouf iwwerdeems vum Damir Skomina geleet, him hunn d’Häre Jure Praprotnik a Robert Vukan assistéiert. De Videoassistent war iwwerdeems de Danny Makkelie.
Déi éischt Hallschecht
Keng Minutt war an der éischter Hallschecht gespillt a Liverpool krut op een Händs vum Moussa Sissoko een Eelefter zougeschwat. De Mo Salah huet sech dësem ugeholl a souverän verwandelt - d’Reds waren deemno fréi an der Partie mat 1:0 a Féierung: et war deen zweetséierste Gol an enger Finall vun der Champions League. D’Spurs kruten déi kal Dusch an hu misse reagéieren.
An den éischten 10 Minutte konnt Tottenham awer net richteg op den 0:1-Réckstand äntweren - de Schock vum era gesaten Eelefmeter vum Salah war nach ze grouss. Liverpool huet iwwerdeems d’Partie geréiert an ëmmer nees mat Passen an d’Déift déi séier Leit vir gesicht. An der 17. Minutt huet den Alexander-Arnold de Ball mat engem Wäitschoss nëmme just laanscht dem Hugo Lloris seng Këscht gesat.
Am weidere Verlaf vun der Partie huet d’Spill op béide Säiten e bësse gestackt - keng Formatioun konnt dem Match de Stempel opdrécken. No der der hallwer Stonn hunn d’Spectateuren am Wanda Metropolitano deemno virun allem eng vun Taktik gepräägte Partie erlieft, bei där si och keng gréisser Golméiglechkeeten ze gesi kruten.
Ronn 10 Minutte virum Téi huet sech den Andy Robertson aus der Distanz een Häerz geholl a ferm ofgezunn. De franséische Weltmeeschter-Kipper an der Këscht vun de Spurs huet dee Ball awer ouni gréisser Schwieregkeeten a Korner deviéiert. Mat der 1:0-Féierung fir Liverpool goung et an d’Paus.
Déi zweet Hallschecht
11 vun de 16 Clibb, déi no den éischte 45 Minutten a Féierung louchen, hunn d’Finall vun der Champions League och gewanne kënnen - d’Spurs hunn deemno am zweeten Duerchgang missen e puer Schëppen dropleeën, fir nees zeréck an de Match ze fannen. An déi éischt 10 Minutten nom Téi hunn och Tottenham gehéiert, d’Ekipp vum Trainer Pochettino konnt sech awer keng nennenswäert Golchance erausspillen.

20 Minutten waren an der zweeter Hallschecht gespillt, wéi de Lucas Moura agewiesselt gouf. De Brasilianer hat de Spurs jo mat engem spéide Gol an der hallwer Finall géint Ajax de Wee an d’Finall geséchert - den Trainer Pochettino huet hie bruecht, fir d’Partie géint Liverpool nach ze dréinen. Ma et war awer Liverpool, déi an der 69. Spillminutt duerch ee Lénksschoss vum Millner geféierlech virum Lloris opgedaucht sinn.

De Son war an der leschte Véierelstonn vum Match den Dréi-an-Aangel-Punkt vun de Spurs. De Südkoreaner war zwar beméit, fir op den Ausgläich ze drécken, ma esou ee richtege Spillfloss sollt bei Tottenham awer net opkommen. Bis op zwee Schëss ronderëm déi 80. Spillminutt vum Son a Moura konnt d’Ekpp vum Pochettino net wierklech geféierlech ginn.
D’Schlussphas
An der 84. Spillminutt hat Tottenham eng ganz gutt Fräistoussméiglechkeet vum Eck vum 16-Meterraum: De Christian Eriksen huet sech der Saach ugeholl, a den Alisson Becker am Gol huet dat ronnt Lieder an de Korneraus deviéiert. Dëse Korner ass geféierlech ginn, de Son huet awer de Ball aus enger Abseitspositioun iwwert d’Këscht vum Becker gekäppt.
Soumat goung et an déi leschte Minutten an hei sollt et nach eemol am Gol vum Lloris rabbelen. No engem Korner vu Liverpool ass dat ronnt Lieder beim Divock Origi gelant. De belsche Stiermer huet de Ball séier ugeholl a ferm ofgezunn. De Kipper vun Tottenham hat bei deem Schoss an de laangen Eck an der 87. Spillminutt absolut keng Chance.
Mat dësem Gol war d’Partie entscheet a Liverpool konnt de 6. Champions-League-Titel vun der Veräinsgeschicht gewannen. No der Defaite aus dem leschte Joer géint Real Madrid zu Kiew war d’Freed bei Liverpool enorm grouss.

E puer Reaktiounen aus dem Netz