Internationale FuttballLiverpool spillt 2:2 géint Manchester United a muss d'Tabelleféierung ofginn

RTL Lëtzebuerg
Donieft setzt Mönchengladbach sech géint Wolfsburg duerch an Neapel wënnt ee spannende Match géint Monza.
© AFP

Bundesliga

TSG Hoffenheim - FC Augsburg 3:1
1:0 Weghorst (17'), 2:0 Kramaric (20'), 2:1 Demirovic (61'), 3:1 Bebou (90')

Hoffenheim huet besser an de Match fonnt a louch no Goler vu Weghorst a Kramaric schonn no 20 Minutten komfortabel a Féierung. Augsburg huet an der Suite e wéineg Zäit gebraucht, fir sech vun dësem Schock ze erhuelen. Am zweeten Duerchgang waren d’Visiteuren dunn déi besser Formatioun un hunn no enger Stonn verdéngt den Uschlossgol geschoss. Si haten an der Schlussphas eng Rei Geleeënheeten op den Ausgläich, ma de Bebou huet kuerz viru Schluss fir d’Entscheedung gesuergt, soudass béid Ekippen elo punktgläich op de Plazen 7 an 8 leien.

VfL Wolfsburg - Borussia Mönchengladbach 1:3
1:0 Baku (7'), 1:1 Itakura (52'), 1:2 N’Goumou (58'), 1:3 Reitz (88')

Nodeems Wolfsburg fréi den 1:0 markéiere konnt war et eng ausgeglache Partie, an där béid Ekippen net wierklech geféierlech virun de Gol komm sinn. Nom Säitewiessel konnt den Itakura mat engem Distanzschoss fir den Ausgläich suergen, ier den N’Goumou kuerz drop de Match gedréint huet. D’Lokalekipp huet op den 2:2 gedréckt an e puer Occasiounen net genotzt, kuerz viru Schluss huet de Reitz dunn den Deckel dropgemaach.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Manchester United - FC Liverpool 2:2
0:1 Diaz (23'), 1:1 Fernandes (50'), 2:1 Mainoo (67'), 2:2 Salah (84', Eelefmeter)

Liverpool huet déi éischt Hallschent am Old Trafford dominéiert an ass verdéngt a Féierung gaangen, nodeems den Diaz bei engem Corner vergiess gi war. D’Reds hunn et awer verpasst ee weidere Gol nozeleeën, an d’Lokalekipp konnt kuerz no der Paus duerch ee sensationelle Gol vum Fernandes ausgläichen, dee vun enger Feelpass am Spillopbau profitéiert hat. D’Red Devils waren elo déi besser Ekipp an hunn d’Partie duerch ee weidere schéine Gol vum jonke Mainoo direkt gedréint. D’Formatioun vum Jürgen Klopp huet sech awer net opginn a konnt duerch en Eelefmeter op 2:2 stellen. Duerno hate béid Ekippe Chancen op d’Entscheedung, ma et sollt beim Remis bleiwen, woumat Liverpool d’Tabelleféierung opgrond vun der Goldifferenz muss un Arsenal ofginn.

Sheffield United - FC Chelsea 2:2
0:1 Silva (11'), 1:1 Bogle (32'), 1:2 Madueke (66'), 2:2 McBurnie (90+3')

Chelsea ass no engem Corner duerch de Kapitän Silva a Féierung gaangen, ma no enger hallwer Stonn konnt den Tabelleleschten dës no engem schéine Spillzuch ausgläichen. D’Blues hunn trotz vill Ballbesëtz net richteg an de Match fonnt a si kaum zu geféierlechen Aktioune komm, ma no engem Solo konnt de Madueke awer nees op 1:2 stellen. Sheffield huet sech allerdéngs net opginn an ass an der Nospillzäit nach zum verdéngten Ausgläich komm, woumat Chelsea et verpasst fir méi no un déi europäesch Plazen erunzeréckelen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Frosinone Calcio - FC Bologna 0:0

AC Monza - SSC Neapel 2:4
1:0 Djuric (9'), 1:1 Osimhen (55'), 1:2 Politano (57'), 1:3 Zielinski (61'), 2:3 Colpani (62'), Raspadori (68')

D’Lokalekipp ass fréi a Féierung gaangen an d’Neapolitaner hu sech schwéier gedoen, fir dorop eng Äntwert ze fannen. Ma no der Paus sinn d’Gäscht däitlech verbessert aus de Kabinne komm an hu bannent just 6 Minutten op 1:3 gesat. Direkt duerno huet de Colpani fir seng Faarwen nach eemol verkierzt, ma de Raspadori huet dofir gesuergt, dass keng Spannung méi opkomme sollt. Neapel feiert domadder wichteg 3 Punkten am Kampf ëm déi europäesch Qualifikatioun a läit elo op der 7. Plaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

Stade Brest - FC Metz 4:3
0:1 Traoré, 1:1 Chardonnet (12'), 2:1 Doumbia (31'), 3:1 Mounie (38'), 4:1 Satriano (60'), 4:2 Mikautadze (74'), 4:3 Mikautadze (80')

Brest huet sech vun der fréier Féierung vun de Visiteuren net aus der Rou brénge gelooss an hat d’Partie no enger hallwer Stonn gedréint. Nom 4:1 vum Satriano no enger Stonn huet de Match decidéiert geschéngt, ma de Mikautadze huet et mat 2 Goler an der Schlussphas nach eemol spannend gemaach. Um Enn konnt den Tabellenzweeten d’Féierung awer iwwer d’Zäit retten an domat op 10 Punkten un de PSG eruréckelen, wärend Metz op der zweetleschter Plaz bleift.

AS Monaco - Stade Rennes 1:0
1:0 Akliouche (25')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO