
Newcastle - Man. City 2:2
0:1 Sterling (22'), 1:1 Willems (25'), 1:2 De Bruyne (82'), 2:2 Shelvey (88')
D’Citizens haten am fréie Samschdegnomëtteg d’Chance, fir am Titelkampf an der Premier League virzeleeën. City ass och gutt mat engem Gol vum Sterling gestart, krut awer gläich drop den Ausgläich kasséiert. An der 2. Hallschecht goung et hin an hier, bis den De Bruyne d’Skyblues nees mat engem fulminante Schoss a Féierung brénge konnt. Kuerz viru Schluss huet de Shelvey awer och een Hummer ausgepaakt an de Score op 2:2 gesat.

Chelsea - West Ham 0:1
0:1 Cresswell (48')
Op der Stamford Bridge koum Chelsea net iwwer eng 0:1-Defaite géint säi Londoner Noper eraus. West Ham huet kuerz no der Paus den eenzege Gol vun der Partie markéiert.
Liverpool - Brighton 2:1
1:0, 2:0 van Dijk (18', 24'), 2:1 Dunk (79')
Zweemol Alexandre-Arnold op van Dijk - esou sinn déi éischt zwee Goler an der Partie gefall. Déi eng Kéier huet de engleschen Nationalspiller op Fräistouss den Hollänner fonnt, déi aner Kéier gouf den Ofwier-Chef op Corner vun der jonker Vedette zerwéiert - 2:0 an der Paus. An der 2. Hallschecht koum Brighton zeréck, d’Ekipp vum Trainer Klopp huet awer näischt méi ubrenne gelooss.
Tottenham - Bournemouth 3:2
1:0, 2:0 Alli (21', 50'), 3:0 Sissoko (69'), 3:1, 3:2 Wilson (73', 90'+6)
Am Duell tëscht de Spurs a Bournemouth huet d’Heemekipp furiéis virgeluecht a war ronn 20 Minutte viru Schluss 3:0 vir. De Wilson huet den Underdog vu Bournemouth an der Schlussphas nach eng Kéier zeréck an de Match bruecht, fir ee Punkt géint den Nei-Trainer José Mourinho an Tottenham ass et awer net duergaangen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Nîmes - Metz 1:1
0:1 Diallo (30'), 1:1 Ripart (61')
Metz koum zu Nîmes net iwwer een 1:1 eraus an trëppelt an der Tabell op der Plaz. De Resumé am Detail bei eise Kolleege vum 5Minutes.rtl.lu.
Lille - Dijon 1:0
1:0 Osimhen (45'+5)
Duerch e Gol vum Punkt huet de LOSC, de Veräin vum Lëtzebuerger Geschäftsmann Gérard Lopez, e Samschdeg den Owend dräi Punkten an der Ligue 1 kritt. Mat dësem Erfolleg steet Lille weider am ieweschten Drëttel vun der Tabell.
LINK Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Deportivo Alaves - Real Madrid 1:2
0:1 Ramos (52'), 65 Perez (65'), 1:2 Carvajal (69')
Déi Kinneklech haten an der Woch eng 0:2-Féierung an der Champions League géint de PSG aus der Hand ginn a war e Samschdeg géint Deportivo Alaves an der spuenescher La Liga gefuerdert. No éischte 45 Minutten ouni Gol huet Real duerch de Ramos de Score opgemaach. Alavas koum 25 Minutte viru Schluss zeréck ma de Carvajal huet knapp 20 Minutte virun Enn de Sak fir d’Madrilenen zougemaach. Domat ass d’Ekipp vum Trainer “Zizou” den 1. an der Tabell.
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga
