Internationale FuttballLiverpool wënnt géint West Ham United, PSG klappt FC Pau

RTL Lëtzebuerg
PSG huet mat 2:0 géint FC Pau gewonnen. Iwwerdeems gi West Ham United a Liverpool mat engem 0:2 vum Terrain.
© AFP

Premier League

West Ham United - FC Liverpool 0:2

0:1 Salah (35'), 0:2 Oxlade-Chamberlain (52')

An der englescher Premier League war e Mëttwoch den Owend mat der Partie West Ham United géint Liverpool een Nodrosmatch vum 18. Spilldag. Liverpool huet nach kee Match an der Premier League verluer an esou sollt et och bleiwen. No 35 Minutte Spillzäit ass den éischte Gol fir de Favorit gefall. Den 0:2 huet West Ham United an der 52. Minutt kasséiert.

Coupe de France

FC Pau - PSG 0:2

0:1 Paredes (25'), 0:2 Sarabia (53')

A Frankräich war et e Mëttwoch den Owend d’Suite vun den Aachtelsfinallen an der Coupe de France. Hei krut et Pau mam Titelverdeedeger PSG ze dinn an Épinal ass op Lille getraff. An der 25. Minutt hat de Paredes Paris Saint-Germain mat 1:0 a Féierung bruecht. Den 2:0 hat de Sarabia an der zweeter Hallschecht markéiert.

SAS Épinal - OSC Lille 2:1

0:1 Remy (8'), 1:1 Krasso (56'), 2:1 (Krasso 62')

Bei Lille ass de Gérard Lopez de President, Épinal spillt an der Nationale 2. Ufanks hat et nach gutt fir den OSC Lille ausgesinn, wéi si duerch dem Remy säi Schoss an der 8. Minutt a Féierung gaange sinn. An der zweeter Hallschecht huet sech dem Gérard Lopez seng Ekipp awer blaméiert. De Krasso hat mat sengen zwee Goler fir d’Victoire vu senger Ekipp gesuergt.

Coppa Italia

Inter Mailand - AC Florenz 2:1

1:0 Candreva (44'), 1:1 Cáceres (60'), 2:1 Barella (67')

An der Coppa Italia stounge sech e Mëttwoch den Owend an de Véierelsfinallen Inter Mailand an den AC Florenz géigeniwwer. Eng Minutt virun der Paus huet de Candreva getraff. De Réckstand ausgeglach hat de Cáceres an der 60. Minutt. Knapps 7 Minutte méi spéit ass Inter Mailand nees a Féierung gaangen duerch e gelongene Schoss vum Barella an de lénksen Eck.

De Gewënner Inter Mailand spillt géint den SSC Neapel. An der zweeter Halleffinall spillen den AC Mailand a Juventus Turin géinteneen.

Copa del Rey

Real Saragossa - Real Madrid 0:4

0:1 Varane (6'), 0:2 Vazquez (32'), 0:3 Junior Vinicius (72'), 0:4 Benzema (79')

Mat enger souveräner 4:0-Victoire géint Real Saragossa huet sech Real Madrid fir d’Véierlsfinalle vun der Copa del Rey qualifizéiert.

Back to Top
CIM LOGO