Wie gëtt Europameeschter?London erwaart grouss EM-Finall tëscht Italien an England

RTL Lëtzebuerg
D'Squadra Azzurra an d'Three Lions spillen e Sonndeg am Wembley-Stadion viru 60.000 Zuschauer ëm den Titel.

Et kéint de Britten hiren éischten Titel zanter 1966 ginn an dat och nach bei enger Finall am eegene Land. E Sonndeg den Owend um 21 Auer trëfft England am legendäre Wembley-Stadion an der Finall vun der Futtball-Europameeschterschaft op Italien.

D’Squadra Azzurra gi liicht favoriséiert an d’Finall. D’Ekipp vum Trainer Roberto Mancini huet bis ewell e staarken Tournoi gespillt. De Mythos, Italien spillt destruktiv an net besonnesch attraktiv, ass spéitstens zanter dëser EM Geschicht. An der Defense huet den Duo Chiellini a Bonucci kaum géigneresch Chancen zougelooss, an der Offensiv hunn de fréieren Dortmunder Ciro Immobile, Lorenzo Insigne, Federico Chiesa a Co all Erwaardungen iwwertraff.

D’Englänner halen awer mat enger genee sou staarker Defense dogéint. Si hu bis ewell eréischt ee Gol kasséiert. A vir an der Spëtzt suerge Kane a Raheem Sterling fir d’Goler.

E Sonndeg den Owend gëtt et op RTL Radio Lëtzebuerg eng Spezial-Emissioun fir d’Finall mat ënnert anerem dem Guy Hellers an dem Marc Oberweis als Invité. Klickt hei, fir d’EM-Finall um Radio ze suivéieren.

Groussen Zousproch fir d’Englänner

Virun der Finall krut déi englesch Nationalekipp scho vill Zousproch. D’Queen Elizabeth II. huet sech an engem perséinleche Schreiwes un d’Ekipp vum Gareth Southgate geriicht. An dësem huet d’Queen “Geescht, Leidenschaft an Houfert” vum Team gewierdegt. Si huet och un de Moment erënnert, wéi si bei der WM 1966 de Pokal un de Sir Bobby Moore iwwerreecht huet. “Ech wëll hinnen all meng Gléckwënsch an déi vu menger Famill fir d’Erreeche vun der Finall bei der Europameeschterschaft ausschwätzen a meng gutt Wënsch fir e Sonndeg schécken”, huet d’Queen e Samschdeg geschriwwen.

Den engleschen Nationaltrainer huet sech héicherfreet gewisen: “Et war fantastesch, ee Bréif vun der Queen ze kréien.”

Och de brittesche Premier Boris Johnson huet de Spiller Mutt zougesprach. D’Ekipp hätt schonn elo Geschicht geschriwwen, andeem se d’Finall erreecht huet, huet hien an engem oppene Bréif geschriwwen. “Fir déi meescht Mënschen an dësem Land ass et déi éischte Kéier an hirem Liewen, datt dat passéiert.”

Wembley-Stadion gréisstendeels an englescher Hand

Italien hat 2012 0:4 an der Finall vun der Europameeschterschaft géint Spuenien verluer an hat 2018 emol net d’Qualifikatioun fir d’WM gepackt. Duerfir hoffen d’Azzuri sech e Sonndeg kënnen ze beweisen. Vill italienesch Supporter wäerten awer net am Wembley derbäi. Fir si waren nëmmen 10.000 Tickete reservéiert.

Trotz der ëmmer méi grousser Verbreedung vun der Delta-Variant a Groussbritannien gi 65.000 Spectateuren an de Stadion eragelooss, sou vill wéi zanter dem Ufank vun der Pandemie zejoert net méi. Vill Experte gesinn dat allerdéngs kritesch.

News, Statistiken, Radio-Reportagen, Pronostickespill, Quiz, ...

Back to Top
CIM LOGO