
Zanter September spillt de Leonardo Weschenfelder Scienza an der zweeter Ekipp vu Schalke 04 an der Regionalliga West. Hei huet den offensive Mëttelfeldspiller an 8 Matcher zwee Goler markéiert an ee virbereet. Viru senger Statioun an Däitschland huet hien bei Fanna BK a Schweden gespillt, virdru war hien a Brasilien an an Uruguay aktiv.
De Léo Scienza ass a Brasilien gebuer an huet zanter kuerzem och déi Lëtzebuerger Nationalitéit. Aktuell kéint hie souwisou wéinst Regularitéite vun der FIFA nach net fir déi rout Léiwen oplafen. Dowéinst muss sech de Luc Holtz déi nächst fënnef Joer och keng Gedanken drëm maachen, ob de Spiller fir d’Nationalekipp a Fro kënnt.