Viru Match géint KasachstanLuc Holtz bezeechent Foul um Mica Pinto als "Attentat"

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg um 20.45 Auer ass am Stade de Luxembourg de Lännermatch Lëtzebuerg a Kasachstan.
Pressekonferenz Luc Holtz
Virum Match géint Kasachstan huet de Luc Holtz eng Pressekonferenz gehalen.

No der 0:2-Defaite vum leschten Donneschdeg a Georgien ass et jo just nach e Frëndschaftsmatch. E Méindeg am Nomëtteg war am neie Stadion d’Pressekonferenz am Virfeld vun dësem Duell.

D’Ekipp wäert net komplett sinn, dat war gewosst, well den Dirk Carlson an de Vincent Thill jo schonn eng Zäit blesséiert sinn. De Maxime Chanot ass zréck bei säi Veräi geflunn. Den Danel Sinani dogéint, dee géint Georgien gespaart war, ass zréck bei de Roude Léiwen.

Eng Fro war zum Beispill, ob de Mica Pinto en Dënschdeg dobäi ka sinn, nodeem hie blesséiert huet mussen a Georgien vum Terrain goen. Den Nationaltrainer Luc Holtz huet däitlech Wierder zu der Blessur vu sengem Spiller. De Mica Pinto wier zeréck bei säi Veräin, well dat “Attentat” wier esou schlëmm gewiescht, datt hien net trëppele kéint. Et wéisst een net, wat hie genee fir eng Blessur huet.

Back to Top
CIM LOGO