
De Luc Holtz huet nach eng Kéier e vehementen Appell un déi politesch Responsabel gemaach, alles drunzesetzen, fir de neie Stadion op der Cloche d’Or bis September spillbereet ze hunn.
Den 8. September hunn d’Rout Léiwen nämlech hiren éischte Match an der Nations League heiheem géint de Gruppefavorit Montenegro. An do wëll de FLF-Nationaltrainer Luc Holtz scho gär an där neier Arena spillen. Elo virum Weekend war awer ze héieren, datt et Oktober wäert ginn, bis de neie Stadion fäerdeg ass:
Luc Holtz:Also wann een elo scho ka soen, datt et Oktober wäert ginn, da wäert een et och fäerdeg bréngen, wann een Gas gëtt, fir am September fäerdeg ze ginn.
Verschiddene Fournisseuren hätte Problemer, d’Wuer erbäizekréien, an dofir géifen et elo weider Retarde ginn, war vun de politesche Responsabelen ze héieren. Dat léisst de Futtball-Nationaltrainer awer net gëllen:
Luc Holtz: Fir mech ass Villes eng Saach vum Wëllen. A China bréngt een et fäerdeg, an enger Woch e Spidol opzebauen. Bei eis am Stadion läit de Wues, d’Luuchten hänken, d’Sëtzer ginn deemnächst ugemaach. Et ass also esou wäit alles bereet, fir Futtball ze spillen. Wann eng Bier nach net agedréit ass, dann dréie mer déi ebe méi spéit an.
Ganz esou einfach ass dat jo awer net. De Stadion muss nach ofgeholl ginn, et mussen Testmatcher gemaach ginn, d’Sécherheet vun de Spectateure gekuckt ginn, asw:
Luc Holtz: Ech hunn och am Moment Aarbechten doheem, wann en Handwierker net erbäikënnt, da muss een ebe kucken, datt dat méi séier geet. Wa meng Spiller soen, ech kann dat net, da soen ech „nee“, et huet näischt mam kënnen ze dinn, du wëlls net, well wann s de wëlls, da kanns de dat och erreechen. Wann een e bëssen Engagement weist, et gëtt jo och Engagement vun menge Jonge verlaangt, da bleiwen ech dobäi, da kann een am September fäerdeg sinn. Wann een et wëll, da bréngt een et fäerdeg.
Enn Mäerz spillt déi Lëtzebuerger Futtballnationalekippe jo zwee Frëndschaftslännermatcher. Een op Zypern, an een a Montenegro. De Luc Holtz wëll déi zwou Partien scho gäre spillen, natierlech däerf dat net op d’Sécherheet vun deem engen oder anere goen, esou den FLF-Nationaltrainer.