
Den 2. Juni spillt d’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp ee Frëndschafts-Lännermatch géint Madagaskar. De 7. Juni geet et dann an der Qualifikatioun fir d’Europameeschterschaften 2020 weider. De Juni spillen d’Rout Léiwe auswäert géint Litauen an dann 3 Deeg drop geet et weider an der Ukrain.
Ervirhiewe kann een, datt 28 Spiller selektionéiert goufen. 23 wäerten der matgoen a Litauen an an d’Ukrain.
De Mario Mutsch, dee seng Karriär ophält, gouf zréckbehalen, fir géint Madagaskar säi leschte Match ze spillen als Genre Jubiläum.
Den Aurélien Joachim an de Chris Philipps hunn di lescht Méint no hire Verletzungen ganz wéineg Kompetitioun an de Been. De Nationaltrainer weess och de Moment nach net richteg op wellechem physesche Level si sinn.
2 Spiller ware nach ni am Kader an zwar de Seid Korac, 17 Joer jonk, deen zu Nürnberg aktiv ass, an och ganz nei dobäi ass de Calyton Duarte, deen 18 Joer huet, an zu Metz spillt.
De Kader vun der Lëtzebuerger Nationalekipp:
Gol:
Moris, A (Excelsior Virton)
Schon, R. (UNA Stroossen)
Kips, T. (Magdeburg)
Defense:
Jans, L. (FC Metz)
Jänisch, M (Déifferdeng 03)
Mahmutovic, E. (Middlesbrough)
Carlson, D. (Grasshopper Zürich)
Chanot, M. (New York City)
Selimovic, V. (Apollon Limassol)
Gerson, L. (Norrköping)
Malget, K. (F91 Diddeleng)
Korac, S. (Nürnberg)
Martins, Marvin (Nidderkuer)
Mëttelfeld:
Thill, V. (Pau)
Barreiro, L. (Mainz)
Sinani, D. (F91 Diddeleng)
Mutsch, M. (Nidderkuer)
Thill, O. (Ufa)
Skenderovic, A. (Elversberg)
Martins, Ch. (ESTAC)
Holtz, K. (Etzella)
Philipps, C. ( Legia Warschau)
Stuerm:
Turpel, D. (F91 Diddeleng)
Bensi, S. (Fola Esch)
Da Mota, D. (Racing)
Joachim, A. (Excelsior Virton)
Rodrigues, G. (Jubilo Iwata)
Duarte, C. (FC Metz)