VIDEO: EM-QualifikatiounLuc Holtz wëllt op d'mannst 1 Punkt géint Portugal
D'Portugisen hunn do eppes dogéint, si wëllen nämlech déi 3 Punkten a sech fir d'EM qualifizéieren. Si hu sech zu Biissen op de Match preparéiert.
Virschau op de Match Lëtzebuerg géint Portugal
E Sonndeg spillt d’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp an der EM-Qualifikatioun hire leschte Match an dat géint Portugal.
Pressekonferenz Portugal / Reportage vum Serge Olmo
E Sonndeg de Mëtteg um 15 Auer spillt d’Lëtzebuerger Futtball-Nationalekipp am Stade Josy Barthel géint den Europameeschter Portugal. Et ass dee leschte Match an dëser Campagne fir d’FLF-Formatioun.
De Luc Holtz huet op der Pressekonferenz e Samschdeg als Zil uginn, datt ee sech op d’mannst 1 Punkt géint Portugal wëll sécheren. Donieft wëllt hien, datt seng Spiller couragéiert, aggressiv a mat engem séieren Ëmschaltspill spillen, genee esou wéi an der 2. Hallschent géint Serbien.
Wat den Terrain am Stade Josy Barthel ugeet, mengt de Lëtzebuerger Nationaltrainer, datt déi schlecht Konditioune méi e groussen Nodeel fir d’Rout Léiwe sinn, wéi fir d’Portugisen.
Vun der Uefa war et e Samschdeg den Owend d’Nouvelle, datt de Match trotz dem net esou gudden Zoustand vum Wuess e Sonndeg am Stade Josy Barthel gespillt gëtt.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.
Fir de Wuess ze schounen haten d’Rout Léiwen hiren Ofschlosstraining e Samschdeg am Nomëtteg zu Beggen.
Pressekonferenz mam Luc Holtz a Laurent Jans
Virum Match vu Lëtzebuerg géint Portugal hu sech de Luc Holtz an de Laurent Jans zum Match vun e Sonndeg geäussert.
Ronaldo a Co trainéieren zu Biissen
Déi komplett Pressekonferenz am Replay
Den Trainer Fernando Santos an de Bernardo Silva hu sech de Froe vun de Journaliste gestallt.
Duerch de schlechten Zoustand vum Wuess am Stade Josy Barthel hate béid Ekippen hiren Ofschlosstraining op enger alternativer Plaz absolvéiert.
E Samschdeg de Moie waren de Cristiano Ronaldo a Co dofir zu Biissen op Besuch. Den Training war net fir de Public op, ma d’Press huet déi éischt 15 Minutten dierfte suivéieren.
Biller vum Training vu Portugal
E Samschdeg de Moien huet d’portugisesch Nationalekipp zu Biissen trainéiert.