No 13 Joer ass SchlussLuka Modric spillt vun nächster Saison un net méi fir Real Madrid

RTL Lëtzebuerg
De Luka Modric, spillt déi nächste Saison net méi fir Real Madrid. Dat huet den 39 Joer ale Kroat en Donneschdeg annoncéiert.
© SID/JOSEP LAGO

Zanter 2012 ass de Mëttelfeldspiller bei deene “Kinneklechen” ënner Kontrakt. Véiermol gouf de Modric mam Real spuenesche Champion an huet ënnert anerem an där Zäit och sechsmol d’Champions League gewonnen. Bei der Club-WM, déi vum 15. Juni bis den 13. Juli dauere wäert, wäert de Modric nach eng leschte Kéier am Trikot vu Real Madrid um Terrain stoen, fir deen hie stand haut 590 Matcher absolvéiert huet.

Back to Top
CIM LOGO