
28 Titele konnt de Luka Modric a senger Zäit bei de Madrilene feieren. Kee Spiller huet méi Titele mat Real Madrid gewonnen. Den 9. September kritt den 186-fache Kroat seng 40 Joer. Och an dem héije Futtball-Alter denkt de Weltfuttballer a “Ballon d’Or"-Gewënner vun 2018 nach net un déi sportlech Pensioun. Och an der Nationalekipp wëll de Luka Modric weider spillen.
2012 ass de Mëttelfeldspiller vun Tottenham bei Real Madrid gewiesselt. An deenen 13 Joer beim Veräin aus der spuenescher Haaptstad konnt de Kroat ënner anerem 6 Mol d’Champions League a 4 spuenesch Championstitele gewannen. 2018 gouf de Luka Modric mat Kroatien Vizeweltmeeschter.