
Wärend et fir den FC Sporting Mäerzeg (D1) dorëms goung, och déi nächste Saison an der 1. Divisioun ze spillen, wollt den CS Uewerkuer (D2) seng gutt Saison mam Opstig kréinen.
756 Leit waren op Habscht komm an hunn erlieft, wéi Mäerzeg quasi de ganze Match iwwer dominant war a sech um Enn och kloer duerchgesat huet.
Uewerkuer probéiert et am Ufank
Et waren och déi Mäerzeger, déi dee bessere Start an de Match haten. An der 2. Minutt war et eng Flank vun der rietser Säit, ma et war awer kee Stiermer un de Ball komm.
Nëmmen eng Minutt méi spéit war et Uewerkuer, déi sech eng éischte Kéier virum Bishani sengem Mäerzeger Gol weise konnten. No engem Fräistouss aus gutt 25 Meter war et den Dos Santos Delgado, deen de Ball mam Kapp op den Dos Santos Aleixo ofleeë konnt, ma dëse konnt de Ball aus 1 Meter net iwwert d’Linn drécken.
Dës Aktioun schéngt d’Männer vum Anibal Santos motivéiert ze hunn. No engem Corner war et op en Neits de Rivone dos Santos, dee mam Kapp un de Ball koum war, ma säi Versuch goung awer knapp iwwert d’Lat.
Duerno huet déi Mäerzeger Defense awer stabiliséiert, no 10 Minutten also nach 0:0.
1. Schoss op de Gol: 1:0 Mäerzeg
An der 17. Minutt konnt Mäerzeg mat där éischter geféierlecher Aktioun a Féierung goen. No enger Flank koum den Antonio Oliveira aus gutt 16 Meter mam Kapp un de Ball. De Fonseca stoung ze wäit viru sengem Gol a sou konnt de Stiermer vu Mäerzeg de Ball mam Kapp iwwert de Schlussmann spillen. Domat louchen déi Mäerzeger mam éischte Schoss op de Gol an Avance.
Mäerzeg huet och duerno weider no vir gespillt a probéiert, den zweete Gol nozeleeën.
An der 27. Minutt war et de jonken Heng Luo, dee sech mam Kapp duerchsetze konnt, ma säi Kappball war awer net präzis genuch, a sou konnt de Fonseca de Ball festhalen.
Nëmmen zwou Minutte méi spéit waren et erëm d’Männer vum Neil Pattison, déi sech an der Offensiv weise konnten. No engem laange Ball op den Decker konnt dësen de Fonseca am Gol vun Uewerkuer och iwwerwannen, ma hie stoung awer knapp am Abseits, sou ass et bei der 1:0-Avance bleiwen.
Vun de Männer aus dem Süde war offensiv wéineg Gefor ausgaangen. De Gengler hat sech an der 35. Minutt een Häerz geholl an et aus gutt 20 Meter probéiert. De Fonseca konnt säi Schoss awer nach in extremis zum Corner ofwieren.
Fonseca op Zack
Op en Neits war et de Luo, dee seng spilleresch Klass weise konnt. No enger super Pass vum Barrela stoung de jonke Spiller vum Sporting Mäerzeg virum Fonseca, ma um Enn war de Wénkel awer ze spatz, a sou konnt de Golkipp vun Uewerkuer de Ball halen.
Kuerz virun der Paus, an der 44. Spillminutt, war et erëm de Fonseca, dee seng Faarwen am Spill hale konnt. No engem sate Schoss vum Antonio Oliveira konnt de Schlussmann de Ball mat engem staarke Reflex iwwert d’Lat leeden.
An enger éischter Hallschent, wou et just an eng Richtung gaange war, konnt Mäerzeg héich verdéngt mat 1:0 an d’Halbzeit goen.
An och nom Säitewiessel waren et d’Männer vu Mäerzeg, déi déi éischt Chance haten. No enger Pass an d’Déift stoung den Decker eleng virum Gol. De Fonseca konnt de Ball a leschter Sekonn awer nach mat engem super Reflex mam Fouss ofwieren.
Den 2:0 an der 50. Minutt
An der 50. Minutt konnt Mäerzeg seng Avance ausbauen. Den Decker Ken hat den Oliveira gesinn a konnt hie an de Laf schécken. Dësen hat d’A fir säi Matspiller an der Mëtt, a sou war et ënnert dem Stréch de Liu, deen an der Mëtt keng Problemer méi hat. Soumat stoung et no 50 gespillte Minutte verdéngt 2:0.
Uewerkuer huet no dësem Réckschlag probéiert, eng Reaktioun ze weisen, ma méi wéi ee Schoss aus der zweeter Rei vum Rivone dos Santos, deen um Enn däitlech iwwert d’Lat goung, sollt awer net eraussprangen.
Fonseca rout, Spiller an de Gol
Duerno waren et nees déi Mäerzeger, déi offensiv Aktiounen haten. Sou war de Lopes, dee kuerz virdrun agewiesselt gouf, just nach duerch ee Feeler vum Fonseca ze stoppen. Dëse krut doropshin eng rout Kaart wéinst Noutbrems. Iwwerraschend war allerdéngs, dass bei Uewerkuer duerno e Feldspiller an de Gol goung, an zwar de Jailson Cabral.
An der 69. Minutt koum et dunn zu enger klenger Virentscheedung zu Habscht um Terrain. Den Decker konnt de staarke Gasper an Aktioun setzen, deen de Ball äiskal laanscht den neie Golkipp vun Uewerkuer spille konnt. Soumat stoung et 20 Minutte viru Schluss ewell 3:0 fir déi Mäerzeger.
No enger staarker Saison an der 2. Divisioun konnt Uewerkuer zu kengem Zäitpunkt iwwerzeegen, a sou sinn d’Männer aus dem Süden och iwwer wäit Strecken net aus der eegener Hallschent erauskomm.
Den Éieregol suergt fir eng Grëtz Spannung
Aus dem Näischt koum et an der 78. Minutt awer nach zu engem Gol fir déi Uewerkuerer. Aus ronn 16 Meter war et den agewiesselte Garcia, deen de Bishani um falsche Fouss erwëscht hat, an de Ball präzis an de rietsen Eck setze konnt. Stënterlech koum esou awer nach e bësse Spannung op.
Mäerzeg hat nom 3:0 Tempo erausgeholl a sou koum Uewerkuer awer nach zu Chancen. Nom 1:3 aus der Uewerkuerer Siicht hu si et duerno nach probéiert, ma et hat awer un der néideger Duerchschlagskraaft gefeelt.
Kuerz viru Schluss hat de Garcia d’Geleeënheet op den Uschloss, ma säi Schoss aus dem Strofraum konnt de Bishani Olti ouni Problemer ofwieren.
An der 90. Minutt koum et dann zu der endgülteger Entscheedung. Mat engem super Lopp aus iwwer 30 Meter vum Diogo Lopes hat d’Lat nach fir Uewerkuer gerett. Beim Noschoss hat den Decker, deen haut ee staarke Match gespillt hat, awer keng Problemer méi a sou konnt Mäerzeg sech um Enn verdéngt mat 4:1 duerchsetzen.
Mäerzeg spillt also och an der nächster Saison an der 1. Divisioun. Fir déi Uewerkuerer, déi ee schlechten Dag erwëscht haten, sollt et um Enn net duergoen. Si spille weider an der D2.
