
Beim Toppmatch an der 1. Basket-Bundesliga bei den Dammen tëscht Nördlingen an Hannover wosst d’Magaly Meynadier mat enger gudder Leeschtung ze iwwerzeegen. Mat der däitlecher Victoire vun der Heemekipp konnt een d’Tabelleplaz 3 zementéieren. D’Lëtzebuerger Nationalspillerin war ronn 27 Minutten am Asaz an huet dobäi 8 Punkte markéiert, 4 Assiste geleescht an 3 Steals realiséiert.
An der 1. Bundesliga am Dammenhandball war d’Tina Welter mat Frisch Auf! Göppingen am Asaz. Géint de Buxtehuder SV huet ee sech misse mat engem 20:23 geschloe ginn.