
Am Kader vun engem Video-Podcast mat sengem Sponsor huet de Magnus Carlson e Mëttwoch de Mëtteg ugekënnegt, net un der Weltmeeschterschaft am Schach 2023 deelzehuelen. Fir hie wäert de jonke Chines Ding Liren noréckelen, deen an der Finall op de Russ Jan Alexandrowitsch Nepomnjaschtschi treffe wäert.
Mam Schach wéilt de Carlsen iwwerdeems net ophalen. Och e WM-Comeback géif hien net ausschléissen, virun allem well hien eng Kéier an der WM-Finall géint den 19 Joer jonke Fransous Alireza Firouzja wéilt untrieden.