
Kansas City Chiefs - Tampa Bay Buccaneers
De Patrick Mahomes a säi Receiver Tyreke hill hunn d’Buccaneers schonns bal eleng geklappt. De Mahomes kënnt bei der 27:24-Victoire op ganzer 462 Passing Yards an 3 Touchdowns. All Touchdown-Pass goung un den Tyreek Hill, dee weider och nach 269 Receiving Yards hat. D’Bucs hate virun allem eng schlecht éischt Hallschent. Am leschte Véierel konnte si nach eemol ophuelen, ma de 14:0-Laf sollt net méi duergoe fir Brady a Co, fir de Match ze gewannen.
Las Vegas Raiders - Atlanta Falcons
D’Atlanta Falcons konnten eng iwwerraschend Victoire géint d’Las Vegas Raiders feieren. Dobäi koum, dass et esouguer eng richteg souverän Victoire war. D’Ekipp ëm de Quarterback Matt Ryan konnt sech mat 43:6 duerchsetzen an huet domat esou vill Punkte gescored wéi zanter 2016 net méi.
Arizona Cardinals - New England Patriots
D’Hoffnungen op d’Playoffs fir d’New England Patriots bleiwen um Liewen. D’Ekipp vum Head Coach Bill Bellichick konnt sech an engem spannende Match knapps mat 20:17 géint d’Arizona Cardinals duerchsetzen. Den Nick Folk huet kuerz virum Enn vum Match e 50-Yard-Field-Goal erageschoss an esou fir d’Victoire gesuergt. Kuerz virdrun hat de Kicker vun de Cardinals e Field Goal aus 45 Yards verpasst. Bei de Patriots war et virun allem d’Defense, déi e gudde Match gewisen hunn, well offensiv ware si op en Neits net immens staark. Hire Quarterback Cam Newton koum op nëmme 84 Passing Yards an 2 Intereptions.
Baltimore Ravens - Pittsburgh Stellers 14:19
Zou Ekippe mat enger richteger Rivalitéit sinn e Mëttwoch den Owend openee getraff. Ma d’Ravens waren duerch de Coronavirus staark ugeschloen, ënner anerem huet hire Quarterback gefeelt. No engem turbulente Start, Fumble Ravens, Interception Steelers, Interceptions Ravens an dofir e Pick Six fir d’Steelers, huet de Match sech e bëssi berouegt. 7:6 fir d’Ravens stoung et nom éischte Quarter. Et huet ee bei de Ravens awer gemierkt, datt si net hiren etatméissege Playcaller um Terrain haten. De Robert Griffin III huet 7 vun 12 Päss ubruecht, dat fir 33 Yards an eng Interception. De Trace McSorley, deen déi lescht Minutte gespillt huet, huet 2 vu 6 Passen un de Mann bruecht, dofir awer fir 77 Yards an een Touchdown. D’Steelers waren offensiv just liicht besser, de Big Ben huet ëmmerhin fir 266 Yards gehäit, 36 vun 51 Versich un de Mann bruecht, an eng Interception an een Touchdown geschmass. Esou wannen d’Steelers knapp 19:14 géint d’Ravens a bleiwe weider ongeschloen.
Baltimore Ravens - Pittsburgh Steelers 14:19
Houston Texans - Detroit Lions 41:25
Washington Football Team - Dallas Cowboys 41:16
Las Vegas Raiders - Atlanta Falcons 6:43
Los Angeles Chargers - Buffalo Bills 17:27
New York Giants - Cincinnati Bengals 19:17
Tennessee Titans - Indianapolis Colts 45:26
Cleveland Browns - Jacksonville Jaguars 27:25
Carolina Panthers - Minnesota Vikings 27:28
Arizona Cardinals - New England Patriots 17:20
Miami Dolphins - New York Jets 20:3
New Orleans Saints - Denver Broncos 31:3
San Francisco 49ers - Los Angeles Rams 23:20
Kansas City Chiefs - Tampa Bay Buccaneers 27:24
Chicago Bears - Green Bay Packers 25:41
Seattle Seahawks - Philadelphia Eagles 23:17