Veianen, laanscht d’Our… wéini genee, weess keen! Esou ass dat mat Legenden! Also... laanscht d’Our geet e Stéier ëm, an e schäert schonn éiweg mat sengen Houf ronderëm déi fréier Blechplaz!
E Fuesgeck an der Haut vun engem Stéier trëppelt haut nach laanscht d’Our!
D’Legend erzielt, dass e Mann, fir d’Fuesend, d’Haut vun engem Stéier ugedoen an zu Veianen laanscht d’Our d’Leit emmerdéiert huet. Dat huet dee gudde Mann och mam Paschtouer a sengem Koschter probéiert, wéi déi de Kranken d'Kommioun wollten heem bréngen, seet eis de Mil Goerens, dee sech d’Soe vu Lëtzebuerg duerchgelies, an aus dem Franséischen an Däitschen op eis Sprooch iwwersat huet. D'Resultat: dräi Bänn mam Titel: Eiser Soen, déi een néierens méi nei ze kafe kritt an an deenen ee gewuer gëtt, dass de Stéier no der Aggressioun géint de Paschtouer, dout ëmgefall ass, laanscht d’Our ënnergeschäert gouf, an zënterhier doruechter geeschtert.
D’Lëtzebuerger Soe sollen op Lëtzebuergesch geschriwwe sinn
An 3 Bänn resuméiert de Mil Goerens d’Legenden iwwer Lëtzebuerg, zum Beispill déi vum Gilsdrefer Jean Haan oder dem Nicolas Gredt, aus der Stad. Esou gelungen an onheemlech Geschichte goufen iwwerall am Land gezielt – de Mil iwwersetzt se an eis Sprooch.
Am Gredt sengem Buch wieren eleng schonn 1.000 där Soen dran, seet de Mil Goerens. Hie selwer gleeft net un déi Geschichten; déi hätt een owes hannert dem Uewen erzielt, fir d’Kanner fäerten ze doen. D’Kierch hätt déi awer och benotzt, fir d’Leit drun z’erënneren, dass et dat Béist gëtt, d’Hell, an den Däiwel.
E Stéier virun den dräi Jongfrae mat der Däiwel an der Panz
D’Kierch daucht ëmmer nees op - an eisem Awerglawen - versicht deen ze kanaliséieren. Zu Ëlwen, Trois Vierges, wéi hei zu Veianen, wou déi 3 heednesch Gëttinne vun de chrëschtleche Jongfraen ofgeléist gi sinn. Allerdéngs kruten déi et du mat Véi ze dinn, dat der Däiwel an der Panz hat! E Stéier, deen, vun do un, wou de Bauer e lass gestréckt an einfach matgeholl hat, méi a méi grouss ginn ass.
De Werwollef vu Veianen gouf och zu Keespelt gesinn

1882 huet den Edmond de la Fontaine, eisen Dicks also, sech speziell fir eis Soen intresséiert – den Auteur wousst, dass si e kulturellt Ierwe vun all Gesellschaft sinn. Hei en intressanten Extrait iwwer e Werwollef - aus dem de la Fontaine sengem Buch "Luxemburger Sagen und Legenden":
"Jetzt gehe ich in den Wald hinein das gestern verlorene Schaf aussuchen. Sollte während meiner Abwesenheit der Wolf kommen, so braucht das Schwesterchen nur seine Schürze hinzuwerfen, und er wird euch nichts zu Leide tun."

Wat dat heescht, brauch keen engem z’erklären. D'Geschicht – ob se elo, wéi den Dicks se erzielt, zu Keespelt geschitt ass, oder eben zu Veianen - ass e Stéck Lëtzebuerger Awerglawen. Dee war an ass natierlech méi wäert, wann ee mat esou Seeërcher, esouguer iwwer d’Grenzen eraus, zu uuchte gaangen ass. Amen.
E Samschdeg gi mer zréck an d’80er bei eng Sekt, déi jorelaang Leit vun hei an aus dem Ausland begeeschtert huet: am 6. Deel vun eiser Serie iwwer dat spirituellt Lëtzebuerg geet et ëm den Engel Albert.