
E Samschdeg war an der Bundesliga d’Suite vum 31. Spilldag. Fir Mainz ass et eng iwwerraschend 2:1-Victoire géint den FC Bayern ginn, Dortmund konnt sech duerch zwee Haaland-Goler géint Wolfsburg behaapten an Union Berlin huet no engem Hattrick vum Pohjanpalo mat 3:1 géint Bremen gewonnen. Dës weideren hu sech Freiburg an Hoffenheim bei engem 1:1 d’Punkte gedeelt.
Am Owesmatch um 18.30 Auer gouf et fir Leverkusen dann nach eng 3:1-Victoire géint Frankfurt.
E Freideg den Owend gouf et fir den 1.FC Köln eng wichteg Victoire géint Augsburg.Weider Resultater aus dem internationale Futtball am Iwwerbléck fannt Dir hei.E Samschdeg waren och nees Lëtzebuerger Futtballer am Ausland am Asaz
Leverkusen - Frankfurt 3:1
1:0 Bailey (70'), 2:0 Alario (80'), 2:1 Silva (90+1'), 3:1 Demirbay (90+1')
An der éischter Hallschent vum Match hat Leverkusen méi de Ball an och méi Chancen. Trotzdeem ass et géint eng éischter schwaach Frankfurter Ekipp net fir e Gol duergaangen. Nom Säitewiessel war dann awer de Gaascht besser am Match, mat der Zäit huet awer och d’Werkself nees ugefaange mat spillen. An der 70. Minutt konnt sou de Bailey no enger Flank op den zweete Potto op 1:0 stellen. 10 Minutte méi spéit konnt den Alario dann op 2:0 erhéijen, domat war de Match awer nach net ganz entscheet. Frankfurt huet duerch e spéide Gol zwar nach eng kéier Hoffnung krut, ma den Demirbay huet net mol eng Minutt nom 1:2 op 3:1 gestallt an domat de Match entscheet.
Mainz - Bayern 2:1
1:0 Burkhardt (3'), 2:0 Quaison (37'), 2:1 Lewandowski (90+4')
Den 1. FSV Mainz, deen an de leschte 6 Matcher net méi verluer hat, ass mam Leandro Barreiro mat vill Confiance an de Match géint Bayern gestart. No dräi Minutte war et sou de Burkhardt, deen d’Lokalekipp onerwaart a Féierung brénge konnt. Beim Schoss vum jonke Stiermer huet den Neuer net gutt ausgesinn a sou louchen d’Gäscht scho fréi a Réckstand. Mainz stoung hannen immens gutt a sou hu si et de Bayern immens schwéier gemaach. Ëmmer nees ass et zu Mainzer Konterattacke komm an no 37 Minutten ass dann den 2:0 gefall. De Quaison konnt sech no engem Fräistouss duerchsetzen a mam Kapp d’Féierung erhéijen.
An der zweeter Hallschent huet de Barreiro da fir eng kuerz Zäit misse behandelt ginn, nodeems de Lewandowski hien am Zweekampf mam Aarm am Gesiicht getraff hat. D’Platzwonn gouf nach um Terrain getackert a sou konnt de Lëtzebuerger weiderspillen. Och mam Lewandowski, dee vu senger Verletzung zréckkomm ass, hat Bayern weider Problemer den Ofschloss ze fannen. Kuerz viru Schluss konnt de Lewandowski dann zwar nach op 1:2 verkierzen, ma um Enn séchert sech Mainz onerwaart déi dräi Punkte géint den FC Bayern, deen duerch dës Defaite weider op de Championstitel waarde muss.
Wolfsburg - Dortmund 0:2
0:1 Haaland (12'), 0:2 Haaland (68')
Zu Wolfsburg huet een eng ausgeglachen Ufanksphas ze gesi krut, an där béid Ekippen engagéiert waren. Net laang huet et sou gedauert bis de Ball eng éischte kéier am Gol louch. An der 12. Minutt huet den Haaland e Wolfsburger Feeler äiskal genotzt an domat d’Borussia a Féierung bruecht. Trotz der Dortmunder Féierung war Wolfsburg déi besser Ekipp, déi méi Chancen opweise konnt. Mat engem knappen 1:0 fir de Gaascht ass et no 45 Minutten awer an d’Vestiairë gaangen.
Nom Säitewiessel war de Match da méi ausgeglach, ma no enger gudder Stonn gouf et dann e Réckschlag fir de BVB. De jonke Bellingham huet an engem Zweekampf net opgepasst a war sou mat senger zweeter gieler Kaart vum Terrain geflunn. Dortmund huet elo an Ënnerzuel weider op Konter gewaart an iwwert dëse Wee ass dann den 2:0 gefall. Nees ass den Haaland an de Laf geschéckt ginn, dee virum Gol d’Nerve behalen huet a sou d’Féierung vun de Gäscht ausbaue konnt. Trotz engem Mann méi um Terrain ass et de Wolfsburger net méi gelongen de Match nach eng kéier spannend ze maachen, um Enn wënnt Dortmund also mat 2:0 an hëlt déi dräi Punkte mat Heem.
Union Berlin - Bremen 3:1
1:0 Pohjanpalo (50'), 2:0 Pohjanpalo (53'), 3:0 Pohjanpalo (67'), 3:1 Gebre Selassie (82')
Freiburg - Hoffenheim 1:1
0:1 Kramaric (40'), 1:1 Grifo (81')