Den Iwwerbléck vum internationale FuttballMainz verléiert géint Köln, Remis tëscht Fulham a ManU

RTL Lëtzebuerg
Fir Hamburg gouf et nom Retour an déi 1. Bundesliga an Däitschland ee Punkt zu Gladbach. De Mathias Olesen huet an der 2. Liga dogéint verluer.
© KIRILL KUDRYAVTSEV / AFP

A Spuenien huet Valencia zu Osasuna verluer.

Como konnt donieft mat engem Succès an déi nei Serie-A-Saison starten. En 1:1-Remis gouf et tëscht Cagliari a Florenz.

Bundesliga

Mainz - Köln 0:1
0:1 Bülter (90')

Mainz koum besser an de Match a war dominant um Terrain. Köln war defensiv agestallt huet awer bal keng Golchancen zougelooss. D’Heemekipp war net präzis genuch am Ofschloss. D’Säite goufen deemno mam 0:0 gewiesselt. An der 2. Hallschent huet sech Köln méi no vir getraut an et goufen och déi éischt Chancen op der Säit vun de Gäscht. An der 60. Minutt gouf et dunn déi rout Kaart fir de Mainzer Nebel an d’Heemekipp huet déi lescht hallef Stonn missen an Ënnerzuel spillen. Mainz konnt den 0:0 nach laang halen, an der 90. Minutt konnt de Bülter Köln awer mat 1:0 a Féierung bréngen. De Lee vu Mainz hat an der Nospillzäit nach déi grouss Chance op den 1:1, huet aus kuerzer Distanz awer driwwer gekäppt. Um Enn konnt sech Köln mat 1:0 zu Mainz behaapten.

Gladbach - Hamburg 0:0

No 7 Joer an der 2. Liga goung déi nei Saison an der 1. Liga fir Hamburg zu Gladbach lass. An d’Gäscht haten duerch de Königsdörffer déi éischt Chance. An der Suite war awer Gladbach besser, d’Ekipp vum Seoane konnt de Ball an der 1. Hallschent awer net am Gol ënnerbréngen. Nom Säitewiessel war Gladbach weiderhi spillbestëmmend, den Heuer Fernandes am Hamburger Gol huet déi eng oder aner Chance paréiert. Hamburg ass an der Schlussphas méi staark ginn, konnt sech awer keng kloer Golchance erausspillen. D’Partie goung schlussendlech mat 0:0 op en Enn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der BundesligaAn der 2. Liga huet Greuther Fürth 0:2 géint Kiel de Kierzere gezunn. De Mathias Olesen stoung vun Ufank un um Terrain, gouf an der Paus awer ausgewiesselt. No 3 Matcher huet Fürth 3 Punkten a steet op der 13. Plaz an der Tabell.

Premier League

Fulham - Manchester United 1:1
0:1 Yoro (58'), 1:1 Rowe (73')

D’Partie hat mat vill Schwong ugefaangen an de Cunha huet fir ManU an der 3. Minutt just de Potto getraff. D’Heemekipp huet awer dogéint gehalen an hat duerch de King och eng gutt Geleeënheet op den éischte Gol vun der Partie. An der Suite war et um Terrain méi roueg bis datt den Arbitter an der 36. Minutt op de Punkt gewisen huet. Manchester United konnt dovun awer net profitéieren, well de Fernandes de Ball iwwer de Gol geschoss huet. Mam 0:0 sollt et och an d’Paus goen. An der 2. Hallschent sollten d’Red Devils dunn a Féierung goen. De Yoro hat de Ball no engem Corner an de Gol gekäppt. Fulham huet awer weider dogéint gehalen a konnt an der 73. Minutt duerch de Smith Rowe ausgläichen. Duerno sollt kee Gol méi falen. Fir ManU ass et no engem Punkt aus 2 Matcher kee gudde Start an d’Saison.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Cagliari - Florenz 1:1
0:1 Mandragora (68'), 1:1 Luperto (90+4')

An der 1. Hallschent war Cagliari déi kloer besser Ekipp um Terrain huet et awer verpasst, e Gol ze markéieren. Nom Säitewiessel hunn d’Gäscht den Tempo erhéicht a si verdéngt duerch de Mandragora a Féierung gaangen. Kuerz viru Schluss konnt de Luperto fir d’Heemekipp ausgläichen. Béid Ekippe starten also mat engem Punkt an déi nei Saison.

Como - Lazio Roum 2:0
1:0 Douvikas (47'), 2:0 Paz (73')

E gudde Start an d’Saison gouf et fir Como. D’Ekipp vum Cesc Fabregas war an der 47. Minutt a Féierung gaangen. Nodeems op der anerer Säit e Gol wéinst Abseits net gezielt huet, konnt de Paz an der 73. Minutt op 2:0 erhéijen. Bei dem Resultat sollt et och bleiwen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

La Liga

Osasuna - Valencia 1:0
1:0 Budimir (9')

Osasuna huet sech a Spuenien verdéngt géint Valencia duerchgesat. De Budimir hat schonns an der 9. Minutt fir den 1:0 gesuergt. An der Suite war Osasuna déi besser Ekipp an hat méi Golchancen an och méi Schëss op de Gol. Valencia konnt sech och der 2. Hallschent net steigeren, esou datt een um Enn zu Osasuna knapp de Kierzeren huet missen zéien.

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO