
Hei konnt sech déi däitsch Weltmeeschterin Malaika Mihambo mat engem Sprong vu 7,00 Meter d’Goldmedail sécheren. An enger spannender Finall ass hir de Goldsprong am leschte Versuch gelongen, virdru war d’Mihambo nach op der drëtter Plaz.
Sëlwer geet iwwerdeems un d’US-Amerikanerin Brittney Reese mat 6,97 Meter, dëst virun der Nigerianerin Ese Brume, déi zwar déi selwecht Distanz gesprongen ass, ma den 2. Versuch vum Reese war awer besser.
Fir Däitschland ass et déi éischt Kéier zanter 21 Joer, dass si nees eng Goldmedail am Wäitsprong gewannen, deemools duerch d’Heike Drechsler. Et ass fir d’Land déi 8. Goldmedail bei den Olympesche Spiller zu Tokio.
