
All Méindeg gëtt et eng nei Episod mat Invitéen aus der nationaler an internationaler Sportswelt.
Eisen Invité an eisem Podcast Drëtt Hallschent de Sporttalk ass dës Woch de Sportminister Dan Kersch.
Mam Sportminister hu mer iwwert d’Koherenz respektiv d’Inkoherenz vun den neie Covid-Mesuren am Sport geschwat. Aner Sujete waren awer och de Projet de loi ronderëm de Poste vum Sportskommissäre, d’Erhéije vun de Jetone vum Verwaltungsrot vun der Coque, an d’Fro, wou ee mam ziville Statut fir d’Elittesportler drun ass.
De komplette Podcast mam Sportsminister Dan Kersch an all déi aner Episode vun “Drëtt Hallschent” fannt Dir och op RTL Play, Spotify an Itunes.
