
Déi Lëtzebuerger Handballfederatioun feiert dës Saison hiren 75. Anniversaire. An eisem Podcast “Drëtt Hallschent, de Sporttalk” ass dës Woch de Fernand Schott. De 76 Joer ale Stack-Diddelenger kennt de Lëtzebuerger Handball wéi bal keen aneren hei am Land.
Vum Spiller, Championstrainer, Nationalspiller, Nationaltrainer iwwer Member vum Verwaltungsrot vun der Federatioun ass alles dobäi gewiescht.
Déi Lëtzebuerger Handballfederatioun feiert dës Saison hiren 75.ten Anniversaire. An eisem Podcast “Drëtt Hallschent de Sporttalk” ass de Woch de Fernand Schott eisen Invité. De 76 Joer alen Stack-Diddelenger kennt de Lëtzebuerger Handball wéi bal keen aneren hei am Land. Beim Rich Simon a beim Franky Hippert huet de fréieren Nationalspiller an Nationaltrainer erzielt, wéi et deemools gaang ass, wéi hien Trainer vun der éischter Equipe beim HB Diddeleng ginn ass:
Fir d’éischt war de Schotts Fern Jugendtrainer bei sengem Heemechtsveräin dem HB Diddeleng. Dunn op eemol gouf en Trainer gesicht, fir d’éischt Ekipp. Mir haten e bësse laang diskutéiert, wéi ech dunn heem komm sinn, war et schonn 2 Auer. Do sot meng Fra: “Wou war s du esou laang”, Hire Brudder war 2 Joer virdrun entlooss ginn. An du sot ech “Iwwregens ech sinn elo Trainer vun der 1. Ekipp.”
No senger ganz erfollegräicher Karriär als Spiller an Trainer, mat sëllegen Titelen, huet de Fernand Schott als Member vum Verwaltungsrot vun der FLH sech ëm d’Reform vun der Trainerformatioun an der Federatioun gekëmmert. Ech war net zefridde mat der Trainerformatioun, wéi se hei am Land gemaach ginn ass. Ech hu meng ganz Trainerformatioun quasi am Ausland gemaach. Bei eis ass et am B-Schäin vum Kannertraining bis bei déi komplext Spillzich op héchstem Niveau gaangen.
3 Joer war de Fernand Schott Nationaltrainer. Elo ass hien och zanter 20 Joer Handballexpert bei eise Kolleege vum Tageblatt. Do behält hien e kritesche Bléck op dat wat um Terrain geschitt, an do ass d’Unzuel vun den auslänneschen Verstäerkungen en Thema. Zwee géifen och duergoen, awer dann zwee Gudder, am Plaz der 5, wou der dann Zwee d’Plaz vun de Jugendspiller ewechhuelen.
Seng Begeeschterung iwwert d’aktuell Evolutioun vum Dammenhandball hei am Land ass grouss. Mat wat fir engem Äifer si un déi Trainingen erugaangen sinn, do hunn ech gesot “All Respekt, esou kënns de virun.” A bei de Dammen hu se dat richteg gemaach do huelen zwou staark Spillerinnen aus Frankräich an déi jonk Spillerinne léieren da vun hinnen.
De Fernand Schott bedauert, datt vun de fréiere gudde Lëtzebuerger Spiller der net vill, bis quasi keng do sinn, déi d’Aufgab vum Trainer an der éischter Ekipp bei de Veräiner op héchstem Niveau iwwerhuelen.
De komplette Podcast fannt Dir op RTL Play, Spotify an Itunes.