Internationale FuttballMan United am FA-Coup eng Ronn weider, Saint-Etienne an der Coupe de France

RTL Lëtzebuerg
Mat 3:0 konnt sech Manchester auswäerts géint Derby County behaapten. Den entscheedende Gol fir Saint-Etienne ass an der 94. Minutt gefall.
© AFP

FA-Cup: Derby County - Manchester United 0:3

Doheem konnt Derby County aus der Championship géint Manchester United aus der Premier League spillen. Um Pabeier sollt et en einfache Match fir d’Favoritte ginn. Eppes méi wéi eng hallef Stonn hu si gebraucht, fir déi éischte Kéier ze markéieren. Direkt dräi Schëss vu United goufen ofgeblockt, bis de Ball bei de Shaw koum. Deen huet en net voll getraff, ma doduerch krut de Ball eng Fluchlinn, un déi de Golkipp net méi komme konnt. 8 Minutte méi spéit konnt den Ighalo direkt 2 Verdeedeger stoe loossen an huet och dem Kipper keng Chance gelooss. Et war och an der 70. Minutt nees den Ighalo, dee markéiere konnt. Aus 7 Meter konnt de Golkipp säin éischte Schoss nach paréieren, ma aus der selwechter Distanz war den Noschoss net méi ze halen.

Coupe de France: AS Saint Etienne - Stade Rennes 2:1

No 33 Minutte krut Rennes no engem Feeler en Eelefmeter zougeschwat an den Niang huet sech dës Chance net huele gelooss, fir seng Ekipp a Féierung ze bréngen. Ma kuerz virun der Paus huet den Diony eng gutt Flank an de 16 Meter bruecht. De Kolodziejczak koum do mam Kapp drun an huet de Golkipp keng Chance gelooss. Mat deem 1:1 ass et dunn an d’Paus gaangen. Laang hat et dono ausgesinn, datt d’Verlängerung misst eng Entscheedung bréngen, ma an der 94. Minutt huet et du gerabbelt. Et war den Boudebouz deen den entscheedende Gol konnt schéissen, nodeem Rennes am séiere Spill no vir de Ball verluer hat an hien zimmlech fräi vu 16 Meter konnt ofzéien. An der Finall treffe si elo domadder op de PSG.

Back to Top
CIM LOGO