
FC Augsburg - 1. FC Köln 1:1
1:0 Maier (18'), 1:1 Selke (33')
D’Haushäre ware vun Ufank un déi besser Ekipp a sinn no enger astudéierter Variante bei engem Aworf a Féierung gaangen. Augsburg ass zwar dominant bliwwen, ma Köln ass no enger hallwer Stonn aus dem Näischt den Ausgläich gelongen. An der Suite hunn d’Fuggerstädter op den 2:1 gedréckt an haten och eng Rei gutt Occasiounen, ma Köln huet gutt dogéint gehalen a kann um Enn ee Punkt mathuelen, deen dem 17. awer ze wéineg dierft sinn.
VfB Stuttgart - 1. FC Heidenheim 3:3
1:0 Guirassy (41'), 2:0 Stiller (53'), 2:1 Nübel (62', Selbstgol), 2:2 Kleindienst (84'), 2:3 Kleindienst (86'), 3:3 Undav (90+8')
Stuttgart huet déi éischt Hallschent dominéiert an huet trotz gudde Geleeënheete bis kuerz virun der Paus fir d’Féierung gebraucht. Direkt no der Paus huet de Stiller dunn den 2:0 markéiert, ma e puer Minutten drop huet den Nübel am Stuttgarter Gol duerch ee kuriéise Selbstgol fir den 2:1 gesuergt. Kuerz viru Schluss ass et du ganz déck komm fir d’Lokalekipp, well de Kleindienst mat engem schéine Volley ausgläiche konnt an zwou Minutten drop per Kapp souguer op 2:3 gestallt huet. Ma nach war de Match net eriwwer, an an der leschter Minutt huet den Undav senger Ekipp awer nach ee Punkt gerett. Stuttgart läit domat 3 Punkten hannert de Bayern op Plaz 3, Heidenheim bleift iwwerdeems am gesécherte Mëttelfeld op Plaz 11.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
FC Liverpool - Brighton & Hove Albion 2:1
0:1 Welbeck (2'), 1:1 (27'), 2:1 Salah (65')
D’Gäscht hu besser an de Match fonnt a si schonn no 2 Minutten duerch ee schéinen Ofschloss vum Welbeck a Féierung gaangen. Dunn hunn d’Reds sech allerdéngs Chance ëm Chance erausgespillt an duerch den Diaz och de verdéngten Ausgläich markéiert. Am zweeten Duerchgang huet Liverpool den Drock weider erhéicht an no engem séiere Spillzuch duerch de Salah op 2:1 gesat, woubäi et och bis zum Enn bleiwe sollt. Domat spréngt Liverpool un d’Tabellespëtzt, well Arsenal zu Manchester zwee Punkte leie gelooss huet.
Manchester City - FC Arsenal 0:0
An engem intensiven Topmatch huet d’Lokalekipp d’Kontroll iwwerholl, ass awer géint eng kompakt Defense vun Arsenal kaum zu klore Geleeënheete komm, soudass d’Spectateuren eng ausgeglachen Hallschent ze gesi kruten. Am zweeten Duerchgang hunn d’Citizens den Drock dunn erhéicht an Arsenal kaum méi virun den eegene Gol gelooss, ma déi lescht Pass war géint eng gutt Defense dacks de Problem. Um Enn geet d’Partie mat 0:0 op en Enn, woumat Arsenal 2 Punkten hannert Liverpool op Plaz 2 fält, dat awer 1 Punkt viru Manchester City op der 3. Plaz.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Lorient - Stade Brest 0:1
0:1 Del Castillo (86')
Obwuel den Ofstigskandidat Lorient d’Partie gréisstendeels dominéiert huet, konnt een de Ball net am Gol ënnerbréngen. Kuerz viru Schluss koum den Del Castillo dann am Strofraum zum Schoss a konnt den decisive Gol fir d’Visiteure markéieren. Domat confirméiert Brest op en Neits déi gutt Form a spréngt an der Tabell nees laanscht Monaco op Plaz 2, Lorient bleift iwwerdeems op der 15. Plaz.
OGC Nice - FC Nantes 1:2
0:1 Abline (19'), 1:1 Moffi (72', Eelefmeter), 1:2 Mohamed (76', Eelefmeter)
Zu Nice ass Nantes ee wichtege Succès an der Lutte géint den Ofstig gelongen. Nodeems den Abline d’Gäscht no knapp 20 Minutten per Kappball a Féierung bruecht huet, ass Nice am éischten Duerchgang net vill agefall. An der 72 Minutt huet missen en Eelefmeter hir fir dass den Tabellefënneften ausgläiche konnt, ma just e puer Minutten drop gouf et och en Eelefmeter op der anerer Säit. An der Schlussphas huet Nice op den zweete Gol gedréckt, Nantes konnt d’Féierung awer iwwer d’Zäit retten an domat op Plaz 14 sprangen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Celta Vigo - Rayo Vallecano 0:0
FC Girona - Betis Sevilla 3:2
1:0 Dovbyk (36', Eelefmeter), 1:1 José (45+4'), 2:1 Dovbyk (65'), 2:2 José (76'), 3:2 Stuani (90+2')
No enger zéier Ufanksphas ouni vill geféierlech Aktiounen huet en Eelefmeter fir d’Féierung vun de Katalane gesuergt. Kuerz virun der Paus konnt de José awer vun engem fatale Feeler am Spillopbau profitéieren an aus der Distanz ausgläichen. No enger Stonn konnt den Dovbyk no enger séierer Kombinatioun nees op 2:1 stellen, ma op en Neits war et de José, deen ee Feeler ausnotzen a säin zweete Gol vum Dag markéiere konnt. Girona huet awer op d’Victoire gedréckt an ass an der Nospillzäit duerch de Stuani zum Lucky Punch komm, woumat ee verdéngt 3 Punkte feiere kann an zwee Punkten hannert Barcelona bleift.