
Am englesche goung et e Sonndeg de Mëtteg ëm den Titel am Futtballchampionnat - um leschte Spilldag vun der Premier League ass d’Entscheedung gefall.
Brighton Albion - Manchester City 1:4
Kuerz virun der hallwer Stonn Spillzäit huet de Murray d’Citizens mat sengem 1:0 geschockt. D’Äntwert vun de Skyblues huet awer net laang op sech waarde gelooss, well et war de Buteur Agüero, deen nëmmen zwou Minutten no der Féierung vun der Heemekipp 1:1 ausgläiche konnt. City huet duerno weider op een 2. Gol gespillt a konnt dunn och an der 38. Spillminutt de Match dréien an op 2:1 setzen. Et war de Laporte, dee mat engem Käpper de Ball verwandele konnt. Mat dësem Score goung et an d’Paus!

Och am 2. Duerchgang huet ManCity näischt ubrenne geloossen. An der 63. konnt de Mahrez op 3:1 setzen, wat gläichzäiteg d’Entscheedung vum Match bedeit huet. De Gündogan konnt ronn 10 Minutte méi spéit nach een dropsetzen an domat war d’Victoire vum Pep Guardiola senge Jonge perfekt.
Liverpool - Wolverhampton 2:0
D’Reds sinn optimal an d’Schlusspartie vun der Premier League Saison gestart an an der 17. Spillminutt duerch de Sané mat 1:0 a Féierung gaangen.
Liverpool huet am weidere Verlaf de Match geréiert a sécherlech mat engem Aen op d’Partie vu City bei Brighton Albion gekuckt. D’Reds hunn och am 2. Duerchgang hir Hausaufgabe gemaach a konnten an der 81. Spillminutt op en Neits duerch de Sané de Score op 2:0 schrauwen.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
OSC Lille - Bordeaux 1:0
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Frankfurt - Mainz 0:2
53 Spillminutten huet et gedauert, bis Mainz een Ausrufezeiche setze konnt: den Ujah konnt nämlech de Score fir d’Rheinhessen op 1:0 schrauwen. D’Eintracht war sécherlech nach midd an hat déi schwéier Partie aus der Woch géint Chelsea an de Been.
Mainz konnt dovunner profitéieren an nëmme 5 Minutten drop op 2:0 erhéijen. Op en Neits war et den Ujah, dee fir seng Faarwe markéiert hat.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga