
An der englescher Premier League wanne Manchester City an Arsenal allebéid mat 4:1. An der Tabell bleiwen d’Gunners domat weiderhi mat 8 Punkten Avance un der Spëtzt. Arsenal huet allerdéngs ee Match méi wéi d’Citizens.
Manchester City - FC Liverpool 4:1
0:1 Salah (17'), 1:1 Alvarez (27'), 2:1 De Bruyne (46'), 3:1 Gündogan (53'), 4:1 Grealish (74')
Aus dem Näischt sinn d’Reds an der 17. Minutt duerch de Salah a Féierung gaangen. Laang konnte si hir Avance awer net verdeedegen, well nëmmen 10 Minutte méi spéit huet City duerch den Alvarez ausgeglach. An der zweeter Hallschent war et dunn eng richteg Muechtdemonstratioun vun de Citizens. Um Enn wanne si de Match verdéngt mat 4:1.
Arsenal London - Leeds United 4:1
1:0 Gabriel Jesus per Eelefmeter (35'), 2:0 White (47'), 3:0 Gabriel Jesus (54'), 3:1 Kristensen (76'), 4:1 Xhaka (84')
No enger schwaacher éischter hallwer Stonn hunn d’Gunners sech ëmmer weider gesteigert a wannen um Enn och an der Héicht verdéngt mat 4:1 géint Leeds. Besonnesch an der Véierelsstonn no der Paus hat Arsenal richteg Spaass an huet fir kloer Verhältnesser gesuergt.