Grondstee fir d'Finall geluechtManchester City klappt Manchester United am Old Trafford mat 3:1

RTL Lëtzebuerg
Manchester City huet ee grousse Schratt a Richtung Finall am Caraboa Cup gemaach.
© AFP

Si konnte sech en Dënschdeg den Owend nämlech mat 3:1 am Old Trafford duerchsetzen a gewannen domat den Derby. De Bernardo Silva, de Riyad Mahrez an ee Selbstgol vum Andreas Pereira hu fir eng séier 3:0-Fierung vun de Citizens gesuergt. De Gol vum Marcus Rashford an der 70. Minutt war ze wéineg fir Manchester United. De Retourmatch gëtt den 29. Januar gespillt.

Back to Top
CIM LOGO