No 2:0-FéierungManchester City verléiert an Ënnerzuel 3:2 géint Wolverhampton

RTL Lëtzebuerg
Nom "Boxing Day" en Donneschdeg gouf e Freideg den 19. Spilldag ofgeschloss. Hei huet d'Ekipp vum Trainer Guardiola een 2:0-Virsprong aus der Hand ginn.
© afp (Archiv)

E Freideg gouf den 19. Spilldag an der Premier League mat der Partie vum Champion Man City géint Wolverhampton ofgeschloss. D’Skyblues krute fréi de Kipper wéinst enger Noutbrems vum Terrain gesat an hu misse mat 10 Mann weiderspillen. Et ass hinnen awer gelongen, fir mat 2:0 a Féierung ze goen: d’éischt hat de Sterling vum Punkt aus getraff an dono huet hien op Konter de Sak schéngbar zougemaach. D’Wolves koumen an de Schlussminutten awer zeréck a konnten an der 82. Spillminutt ausgläichen. An der 90 Minutt krut d’Ekipp vum Startrainer Pep Guardiola souguer nach den 3:2 geschoss.

“Boxing Day” an der Premier League en Donneschdeg

Um Boxing Day huet Tottenham en Donneschdeg schonn no Réckstand mat 2:1 géint Brighton & Hove Albion gewonnen. Den FC Arsenal kënnt géint Bournemouth net iwwer en 1:1-Remis eraus.

Aston Villa klappt Norwich City mat 1:0, Crystal Palace wënnt duerch e Gol a leschter Minutt mat 2:1 géint West Ham United. Everton gewënnt mat 1:0 géint Burnley an Chelsea muss sech iwwerraschend mat 0:2 géint den FC Southampton geschloe ginn. De Match Sheffield United géint Watford ass mat engem 1:1 op en Enn gaangen. Manchester United konnt sech dann nach doheem mat 4:1 géint Newcastle duerchsetzen.

En Donneschdeg den Owend war dann nach de Spëtzematch tëscht Leicester City an dem FC Liverpool an hei konnt Liverpool op en Neits dominéieren. Mat 4:0 gewanne si de Match géint den Tabellenzweeten a bauen domat hir Avance an der Tabell op 13 Punkten aus.

D’Resultater am Iwwerbléck

Wolverhampton Wanderers - Manchester City 3:2

0:1, 0:2 Sterling (25. a 50. Minutt), 2:1 Traore (55. Minutt), 2:2 Jiménez (82. Minutt), 3:2 Doherty (90. Minutt)

AFC Bournemouth - FC Arsenal 1:1

1:0 Dan Gosling (35. Minutt), 1:1 Pierre-Emerick Aubameyang (64. Minutt)

Aston Villa - Norwich City 1:0

1:0 Conor Hourihane (64. Minutt)

Crystal Palace - West Ham United 2:1

0:1 Robert Snodgrass (57. Minutt), 1:1 Cheikhou Kouyaté (68. Minutt), 2:1 Jordan Ayew (90. Minutt)

FC Chelsea - FC Southampton 0:2

0:1 Michael Obafemi (31. Minutt), 0:2 Nathan Redmond (73. Minutt)

FC Everton - FC Burnley 1:0

1:0 Dominic Calvert-Lewin (80. Minutt)

Sheffield United - FC Watford 1:1

0:1 Gerard Deulofeu (27. Minutt), 1:1 Oliver Norwood (36. Minutt)

Tottenham Hotspur - Brighton & Hove Albion 2:1

0:1 Adam Webster (37. Minutt), 1:1 Harry Kane (53. Minutt), 2:1 Dele Alli (72. Minutt)

Manchester United - Newcastle United 4:1

0:1 Matthew Longstaff (17. Minutt), 1:1 Anthony Martial (24. Minutt), 2:1 Mason Greenwood (36. Minutt), Marcus Rashford (41. Minutt), 4:1 Anthony Martial (51. Minutt)

Leicester City - FC Liverpool 0:4

0:1 Roberto Firmino (31. Minutt), 0:2 James Milner (71. Minutt), 0:3 Roberto Firmino (75. Minutt), 0:4 Trent Alexander-Arnold (78. Minutt)

Back to Top
CIM LOGO