Champions LeagueManchester City wënnt no Réckstand géint de PSG

RTL Lëtzebuerg
An enger staarker zweeter Hallschent konnt Manchester City de Match dréinen an um Enn mat 2:1 fir sech entscheeden.

E Mëttwoch den Owend ass an der Champions League den Allersmatch vun der zweeter Halleffinall zu Paräis gespillt ginn. Zum Schluss gouf et eng 2:1-Victoire fir d’Ekipp vu Manchester, déi fir de Retourmatch all d’Kaarten an der Hand huet.

An der éischter Halleffinall en Dënschdeg tëscht Real Madrid an Chelsea gouf et kee Gewënner.

De Resumé vum Match

PSG - Manchester City 1:2
1:0 Marquinhos (15'), 1:1 De Bruyne (64'), 1:2 Mahrez (71')

An den éischte Minutte vum Match hat de Gaascht vu Manchester zum gréissten Deel d’Kontroll iwwert de Ball, dat well de PSG sech op déi defensiv Aarbecht konzentréiere wollt an op Feeler vum Géigner gewaart huet. An der 15. Minutt ass d’Lokalekipp dann a Féierung gaangen. No engem Corner vum Di Maria konnt sech de Marquinhos fräilafen a mam Kapp op 1:0 fir de PSG stellen.

Den 1:0 fir PSG duerch de Marquinhos.
An der 15. Minutt ass de PSG no engem Corner a Féierung gaangen.

Och wa City méi Ballbesëtz Opweises hat ass dës Féierung an d’Rei gaangen. D’Haushäre waren am Spill no vir déi méi geféierlech Ekipp a sou hate sie déi eng oder aner Chance op den 2:0. Kuerz virun der Paus hat de Foden da fir Manchester déi bescht Chance op den Ausgläich, ma de Schoss vum jonken Englänner war net platzéiert genuch. Mat enger knapper Féierung fir de PSG ass déi éischt Hallschent also op en Enn gaangen.

Déi bescht Zeenen aus der 1. Hallschent
Duerch e Gol vum Marquinhos an der 15. Minutt ass et mat enger 1:0-Féierung fir de PSG an d’Paus gaangen.

Am zweeten Duerchgang huet sech Manchester City da vun enger besserer Säit gewisen. D’Ekipp vum Pep Guardiola war méi präsent an den Zweekämpf a konnt de PSG elo méi ënner Drock setzen. De Gol zum 1:1 ass dann awer mat e bësse Gléck gefall. No engem kuerz ausgefouerte Corner huet den De Bruyne de Ball an d’Mëtt bruecht an ouni dass een de Fouss dertëscht gehalen huet, huet d’Netz op eemol gewackelt.

Den 1:1 fir Manchester City duerch den De Bruyne.
Mat e bësse Gléck ass de Gäscht an der 64. Minutt den Ausgläich gelongen.

De PSG krut sech net méi sou richteg aus der eegener Hallschent befreit, wat natierlech och un de staarke Gäscht geluecht huet. Net laang huet et also gedauert bis Manchester a Féierung gaangen ass. An der 71. Minutt war et de Mahrez, dee per direktem Fräistouss op 2:1 stelle konnt.

Den 1:2 duerch e Fräistouss vum Mahrez
De Ball ass duerch d’Mauer gaangen

Nieft den zwee Géigegoler ass et fir d’Lokalekipp awer nach eng weider schlecht Noriicht ginn, wéi de Gueye no engem schroe Feeler um Gündogan déi Rout Kaart gesinn huet. Mat engem Mann méi um Terrain wollt City de Virdeel notzen an e weidere Gol markéieren. De PSG krut sech awer gewiert a sou steet um Enn eng 2:1-Victoire fir Manchester City, déi no enger staarker zweeter Hallschent méi wéi verdéngt ass. De Retourmatch gëtt schonn den nächsten Dënschdeg gespillt.

Déi bescht Zeenen aus der 2. Hallschent.
Duerch eng staark zweet Hallschent konnt Manchester City de Match nach mat 2:1 gewannen.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO