Champions LeagueKee Gewënner an éischter Halleffinall tëscht Real an Chelsea

Kevin Kayser
No engem 1:1, iwwert dee wuel d'Gäscht méi enttäuscht musse sinn, wéi d'Heemekipp, hu béid Ekippen nach all d'Méiglechkeeten, an d'Finall ze kommen.

Um Dënschdeg den Owend war et déi éischt Halleffinall tëscht Real Madrid an dem FC Chelsea. De Schwieregkeetsgrad vun dësem Match gouf fir béid Ekippen duerch de villen an deels ganz staarke Reen nach eng Kéier däitlech eropgesat.

Real Madrid - FC Chelsea 1:1
0:1 Pulisic (14'), 1:1 Benzema (29')

Déi éischt 15 Minutten huet zu Madrid definitiv de Gäscht gehéiert. No 10 Minutten hat de Werner eng gutt Chance aus kuerzer Distanz, ma de Courtois huet mat engem excellente Reflex de Gol verhënnert. 4 Minutte méi spéit konnt de Courtois awer näischt maachen. De Pulisic ass vu lénks eragezunn a konnt de Golkipp, dee wäit dobausse war, ausdanzen. Och déi zwee Real-Verteideger op der Linn konnten de Gol net méi verhënneren.

CL: Real - Chelsea: 0:1 Pulisic (14')
E verdéngten 1:0 huet den US-Amerikaner am Déngscht vum FC Chelsea geschoss.

Éischt richtegt offensiivt Liewenszeechen gouf et an der 23. Minutt vum Karim Benzema. De Stiermer vu Real Madrid huet vu 16 Meter ofgeschloss a just de Potto getraff. Do hat net vill zum Ausgläich gefeelt. Ma Chelsea huet sech dovunner net beandrocke gelooss a weider hiert Spill gespillt a war weider och Offensiv opfälleg. Et waren awer net d’Englänner, déi den nächste Gol markéiert hunn, mä d’Heemekipp. Iwwert Ëmweeër koum de Ball no engem Corner bei de Benzema, dee volle Risiko geholl huet, an de Ball aus kuerzer Distanz ënnert d’Lat erageschoss huet.

CL: Real - Chelsea 1:1 Benzema (29')
De bis ewell opfällegste Spiller vum Real huet den Ausgläich markéiert.

Nom Gol vum Benzema war e bësse manner Tempo am Spill. Dat deels wuel och bedéngt duerch de ville Reen, deen am Laf vun der Hallschent ëmmer méi schlëmm gouf.

CL: Real - Chelsea: Bescht Zeenen aus der 1. Hallschent
Béid Ekippen konnten an den éischte 45 Minutten eng Kéier markéieren, woubäi Chelsea méi vum Match hat, wéi d’Heemekipp.

An den éischten 20 Minutte vun der zweeter Hallschent ass wéineg geschitt, keng Ekipp konnt sech wierklech eng richteg Chance erausspillen. An der 65. Minutt hu béid Trainer reagéiert a gewiesselt an den Thomas Tuchel huet direkt 3 nei Spiller matenee bruecht an direkt huet d’Chelsea en anere Futtball gespillt, och wann déi ganz grouss Chancen ausbliwwe sinn. Real dogéint huet sech weider schwéier gedoen, fir iwwerhaapt Akzenter no Vir ze setzen. Dat koum kuerz viru Schluss iwwer Corner, ma hei huet den ofgefälschte Kappball vum Varane de Gol verfeelt. Vill méi sollt an dësem Match net passéieren, esou datt dëse mat 1:1 op en Enn geet. E Resultat, mat deem béid Ekippe liewe kënnen, woubäi d’Chelsea sech awer muss de Virworf maachen, grad an der éischter Hallschent hir Chancen net gutt genuch genotzt ze hunn.

De Retourmatch tëscht béiden Ekippen gëtt den nächste Mëttwoch gespillt.

All d’Resultater am Iwwerbléck

Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.

Back to Top
CIM LOGO