
De 26. Mee 2021 sti sech Manchester United an den FC Villareal zu Gdansk a Polen an der Finall vun der Europa League géigeniwwer. Manchester United huet d’AS Roum eliminéiert a Villareal ass no der Victoire am Allersmatch en 0:0 zu London duergaange, fir et an d’Finall ze packen.
AS Roum - Manchester United 3:2
0:1 Cavani (39'), 1:1 Dzeko (57'), 2:1 Cristante (60'), 2:2 Cavani (68'), 3:2 Zalewski (83')
Am Stadio Olimpico zu Roum huet en Donneschdeg den Owend e klengt Wonner misse geschéien, datt d’Italiener de Sprong an d’Finall nach packen. Den Allersmatch hunn d’Réimer nämlech mat 2:6 verluer, obwuel si mat 2:1 tëschenzäitlech am Avantage waren.
An der éischter Hallschent war et eng animéiert Partie mat Chancen op béide Säiten. D’Englänner haten déi liicht besser Chancen a sinn an der 39. Minutt dunn och verdéngt a Féierung gaangen duerch e Gol vum Cavani.
Nom Säitewiessel hunn d’Réimer dunn awer opgedréint a konnte sech spéider och belounen. Den Dzeko huet an der 57. Minutt den Ausgläich markéiert, ier de Cristante d’Haushären esouguer a Féierung brénge konnt. Manchester konnt awer op en Neits zeréckschloen, an der 68. Minutt konnt de Cavani mat sengem 2. perséinleche Gol op 2:2 stellen. Roum konnt an der 83. Minutt duerch den Zalewski nach eemol mat 3:2 a Féierung goen a konnt de Match domat um Enn och gewannen, ma dëst sollt awer net duergoen. Domat steet Manchester United an der Finall vun der Europa League.
FC Arsenal - FC Villareal 0:0
Arsenal war en Donneschdeg den Owend doheem am Emirates Stadium géint Villareal gefuerdert. Den Allersmatch hunn d’Englänner mat 1:2 a Spuenien verluer an hunn deemno am Retourmatch misse gewannen, wann een awer nach an d’Finall komme wollt.
D’Ekipp vu London hat an der éischter Hallschent awer spilleresch seng Problemer. Eenzeg richteg gutt Chance vun de Gunners war e Schoss op de Potto vum Aubameyang, zu deem et och éischter zoufälleg koum. Fir de Rescht hunn d’Spuenier ganz gutt verdeedegt, waren den Englänner technesch iwwerleeën a virun allem am Spill no vir geféierlech. Nawell goufen d’Säite mat engem 0:0 gewiesselt.
An der zweeter Hallschent ass laang Zäit weiderhin net vill geschitt, ma Arsenal huet an dësen zweete 45 Minutten awer op d’mannst méi engagéiert an inspiréiert gewierkt. D’Gunners haten an der zweeter Hallschent och duerchaus gutt Aktiounen, ma Goler sollte weiderhi keng falen. Domat goung de Match mat engem 0:0 op en Enn, esou datt den FC Villareal et dann awer liicht iwwerraschend an d’Finall packt.