
An der däitscher Bundesliga huet Bayern mat 2:0 géint Köln gewonnen an domadder eng fréizäiteg Decisioun am Championnat verhënnert. Donieft huet Mainz mam Leandro Barreiro Hoffenheim dominéiert a sech wichteg Punkten an der Lutte géint den Ofstig geséchert.
An der Slowakei huet sech de Gerson Rodrigues mat Slovan Bratislava fréizäiteg de Championstitel geséchert.
Newcastle United - Tottenham Hotspur 4:0
1:0 Isak (30'), 2:0 Gordon (32'), 3:0 Isak (51'), 4:0 Schär (87')
Keng Chance haten d’Spurs um 33. Spilldag bei Newcastle United. No 90 Minutten huet ee sech musse mat 0:4 geschloe ginn. Béid Ekippen hu vun Ufank un no vir gespillt. Fir d’éischt haten d’Spurs déi besser Chancen. Ugedriwwe vum Gordon sinn awer och d’Magpies ëmmer nees geféierlech virum Gol vun de Spurs opgedaucht a sinn no enger hallwer Stonn a Féierung gaangen. No enger perfekter Pass vum Gordon huet den Isak den 1:0 markéiert. Nëmme 95 Sekonne méi spéit stoung et schonn 2:0. Dës Kéier hat de Gordon selwer zougeschloen. Kuerz no der Paus huet d’Lokalekipp duerch den 3:0 vum Isak an der 51. Minutt fir d’Virentscheedung gesuergt. Fir de Schlusspunkt huet de Schär an der 87. per Kapp gesuergt.
Duerch d’Néierlag huet Tottenham seng 4. Plaz an der Tabell un Aston Villa, déi e bessert Golverhältnis hunn, verluer.
Manchester City - Luton Town 5:1
1:0 Hashioka (2', Selbstgol), 2:0 Kovacic (64'), 3:0 Haaland (76'), 3:1 Barkley (81'), 4:1 Doku (87'), 5:1 Gvardiol (90+3')
Manchester City steet an der provisorescher Tabell un der Tabellespëtzt. D’Skyblues hu géint den Opsteiger Luton eng däitlech 5:1-Victoire gefeiert. De Grondsteen hunn d’Haushäre schonn no 65 Sekonne mat engem Selbstgol vum Hashioka geluecht. Duerno hunn nach de Kovacic, den Haaland, den Doku an de Gvardiol fir ManCity getraff. De Barkley hat fir d’Gäscht kuerzzäiteg op 1:3 verkierzt.
Arsenal a Liverpool spillen eréischt e Sonndeg. Si leien elo zwee Punkten hannert Manchester City.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
FC Turin - Juventus Turin 0:0
Den Turiner Derby huet e Samschdeg den Owend kee Gewënner fonnt. Den FC Turin a Juventus hu sech um Enn mat engem 0:0 getrennt. E Gol vun der Lokalekipp huet net gezielt an de Vlahovic hat nëmmen de Potto getraff.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Atlético Madrid - FC Girona 3:1
0:1 Dovbyk (4'), 1:1 Griezmann (34', Eelefmeter), 2:1 Correa (45+6'), 3:1 Griezmann (50')
Fir de Kont vum 31. Spilldag a Spuenien huet Atlético Madrid e schwieregen Heemmatch géint den Tabellendrëtte Girona mat 3:1 gewonnen. D’Heemekipp huet am Ufank vum Match net richteg wakereg gewierkt an esou ass et Girona gelongen, fir no véier Minutten duerch den Dovbyk mat 1:0 a Féierung ze goen. Och duerno huet sech d’Ekipp vum Simeone schwéier gedoen an ass net wierklech zu geféierlechen Aktioune komm. No gutt 30 Minutten huet dunn en Eelefmeter dofir gesuergt, datt Atlético konnt ausgläichen. Bei engem Griezmann-Fräistouss hat de Miguel e Kappball vum Hermoso mat sengem Aarm gestoppt. De fällegen Eelefmeter huet de Griezmann vum Punkt verwandelt. Sekonne virun der Paus konnt Atlético nach emol noleeën an ass duerch e Gol vum Correa a Féierung gaangen. Kuerz nom Téi huet de Griezmann mat sengem zweete Gol vum Dag fir d’Decisioun gesuergt. Girona ass keng Reaktioun méi gelongen, sou datt déi dräi Punkten duerch eng 3:1-Victoire zu Madrid bleiwen.
RCD Mallorca - Real Madrid 0:1
0:1 Tchouaméni (48')
De spuenesche Leader Real Madrid huet sech auswäerts mat 1:0 géint Mallorca behaapt. E Gol vum Tchouaméni kuerz no der Paus ass Real duergaangen, fir sech déi dräi Punkten ze sécheren.
Mat aacht Punkte Virsprong un der Spëtzt schéngt déi 36. Meeschterschaft vu Real nëmmen nach Formsaach ze sinn.
FC Cadiz - Barcelona 0:1
0:1 Joao Félix (37')