Drëtt Ronn vum EFL Cup an EnglandManCity, Newcastle, Tottenham an Arsenal setze sech duerch

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch goufen déi lescht Matcher vun der drëtter Ronn vum EFL Cup am englesche Futtball gespillt.
© OLI SCARFF / AFP

An deene véier Partien huet sech jeeweils de Favorit aus der Premier League duerchgesat.

Manchester City wënnt duerch Goler vum Phil Foden an der 18. a vum Savinho an der 74. Minutt auswäerts zu Huddersfield.

Newcastle setzt sech doheem mat 4:1 géint Bradford duerch. De Joelinton an de William Osula markéieren duebel fir d’Haushären. Den Éieregol fir d’Gäscht schéisst den Andy Cook.

Tottenham wënnt duerch Goler vu Palhinha, McGarth an Johnson doheem mat 3:0 géint d’Doncaster Rovers.

Arsenal setzt sech dann auswäerts mat 2:0 géint Port Vale duerch. D’Goler schéissen den Eze an der 8. an den Trossard an der 86. Minutt.

Back to Top
CIM LOGO