Successeur vum GattusoMarco Giampaolo gëtt neien Trainer beim AC Mailand

RTL Lëtzebuerg
Nodeems den AC Mailand sech Enn Mee vu sengem Trainer Gennaro Gattuso getrennt huet, schéngt een e Successeur fonnt ze hunn.
© AFP

De Marco Giampaolo soll dëse Posten elo iwwerhuelen, dat huet den italienesche Veräin e Mëttwoch den Owend op Twitter confirméiert. Déi lescht dräi Saisone war den 51 Joer alen Italiener bei Sampdoria Genua an der Verantwortung. Bei Milan huet hien e Kontrakt bis 2021 ënnerschriwwen, mat enger Optioun op e weidert Joer.

Back to Top
CIM LOGO