
Zu Sölden ass um Sonndeg déi 1. Course vun der Saison am Riseslalom bei de Männer gefuer ginn. Um Samschdeg war d’Course bei den Damme wéinst de schlechte Wiederkonditiounen net gefuer ginn.
De Marco Odermatt huet sech no 2 Manchen an enger Zäit vun 2 Minutte 4 Sekonnen an 72 Honnertstel duerchgesat. Hie war och schonn nom éischte Laf a Féierung.
Op déi 2. Plaz koum de Zan Kranjec aus Slowenien mat engem Retard vu 76 Honnertstel. Komplettéiert gouf de Podium vum Henrik Kristoffersen. De Norweger louch 97 Honnertstel hannert dem Gewënner vun der Course.