
Beim zweete Riseslalom vun der neier Saison gewënnt de Marco Odermatt mat groussem Virsprong (+1,4 Sekonnen) virum Éisträicher Manuel Feller. Plaz 3 goung un de Zan Kranjec aus Slowenien. Fir den Odermatt war et déi eeleft Podiumsplaz hannerteneen an engem Riseslalom.
D’Damme waren zu Sestriere an Italien am Asaz. D’Victoire goung un d’Marta Bassino, déi am zweeten Duerchgang eng staark Zäit gefuer war an d’Sara Hector aus Schweden an d’Slowakin Petra Vlhova op déi weider Plaze verwisen huet. Mam Federica Brignone op Plaz 4 huet eng weider Italieenerin bei hirem Heemrennen eng staark Performance gewisen. D’Amerikanerin Mikaela Shiffrin koum mat knapp 2 Sekonne Retard op déi sechst Plaz.