WantersportMarco Odermatt séchert sech zweet Victoire vum Weekend

RTL Lëtzebuerg
Schonn e Samschdeg konnt sech de Schwäizer am Super G duerchsetzen.
© AFP

Schi Alpin

De Marco Odermatt huet e Sonndeg e weidere Succès am Super G gefeiert. Am italienesche Cortina d’Ampezzo konnt hie sech virum Italiener Dominik Paris (+0.76s) an dem Daniel Hemetsberger aus Éisträich (+1.03s) behaapten.

Bei den Damme stoung e Sonndeg de Moien de Slalom zu Spindleruv Mlyn um Programm. Hei gouf et eng knapp Victoire vum Lena Dürr aus Däitschland virum Mikaela Shiffrin (+0.06s) an der Kroatin Zrinka Ljutic (+0.49s).

Back to Top
CIM LOGO