
Nom Optakt vun der neier Saison fir d’Dammen e Samschdeg, wou et eng iwwerraschend Victoire fir d’Julia Scheib gouf, ass et e Sonndeg och fir d’Hären nees lassgaangen. Beim Riseslalom zu Sölden konnt sech de Marco Odermatt den éischte Succès vun der Saison sécheren. De Schwäizer stoung no zwee Duerchgäng mat engem Virsprong vun 0.24 Sekonne op den Éisträicher Marco Schwarz an 0.27 Sekonne op den Norweger Atle Lie McGrath ganz uewen um Podium.
An dräi Woche geet et da weider mam éischte Slalom vun der Saison, deen zu Levi a Finnland ausgedroe wäert ginn.