
Den däitsche Futtballer, den Trainer an d’Futtballerin vum Joer gouf och 2019 nees vun den däitsche Sportjournaliste gewielt. Organiséiert gëtt dat Ganzt jo vum “kicker”.
Fir déi zweete Kéier a senger Karriär ass dann de Marco Reus als däitsche Futtballer vum Joer gekréint ginn. Den 30 Joer ale Spiller vu Borussia Dortmund krut 158 Stëmmen a gëtt domat Nofolger vum Toni Kroos. De Kai Havertz vu Bayer Leverkusen koum mat 121 Stëmmen op déi 2. Plaz, virum Joshua Kimmich vu Bayern München, dee 35 Mol gewielt gouf.
No 2011 an 2012 ass de Jürgen Klopp eng weider Kéier zum däitschen Trainer vum Joer gewielt ginn. Den 52 Joer alen Trainer vum FC Liverpool ass deen éischten Trainer, deen net an Däitschland eng Ekipp trainéiert, deen dësen Titel wënnt an dat virum Friedhelm Funkel vu Fortuna Düsseldorf. De Klopp huet jo mat de Reds dëst Joer d’Champions League gewonnen.
D’Dzsenifer Marozsan ass e Sonndeg fir d’drëtte Kéier hannerteneen zur däitscher Futtballerin vum Joer gewielt ginn. D’Spillerin vun Olympique Lyon huet mat hirer franséischer Ekipp dëst Joer den Triplé gewonnen. Si gewënnt den Titel um Enn virun hirer Kollegin aus der däitscher Nationalekipp, dem Alexandra Popp.