
Souwuel de Marco Rose wéi och de Veräin aus der däitscher Bundesliga hunn den Deal confirméiert. Wéi Medie mellen, soll d’Borussia ronn 3 Milliounen u Salzburg iwwerweisen, fir de Coach op Mönchengladbach ze kréien.
Den 42 Joer ale Coach bréngt seng Co-Trainer René Maric an Alexander Zickler mat. Zu senger gréissten Erfolleger zielen déi éisträichesch Meeschterschaft esou wéi d’Erreeche vun der Halleffinall an der Europa League. De gebiertege Leipziger huet seng Karriär als Trainer bei Mainz 05 ugefaangen, wou hien als Co-Trainer ënnert dem Thomas Tuchel geschafft huet.
Marco Rose hat in Salzburg in den vergangenen sechs Jahren hervorragende Arbeit geleistet und wir freuen uns, dass er ab der kommenden Saison bei uns sein wird, esou de Sportdirekter vu Borussia Mönchengladbach Max Eberl.