FuttballMario Mutsch hält Enn der Saison op

RTL Lëtzebuerg
De Lëtzebuerger Rekordnationalspiller spillt de Moment nach fir de Progrès Nidderkuer.
© pressphoto (Archiv)

De Mario Mutsch hänkt um Enn vun der Saison seng Futtballschong, als Spiller, un de berühmten Nol. De Sportdirekter vum Progrès Thomas Gilgemann huet dem Wort dat confirméiert.

No der Saison ass et fir de Lëtzebuerger Nationalspiller mam Futtball eriwwer.

De Lëtzebuerger Rekordnationalspiller, deen e Méindeg am EM-Qualifikatiounsmatch géint d’Ukrain als éischten FLF-Spiller eng 100. Selektioun feiere konnt, spillt am Moment jo zu Nidderkuer. Virdrun war de 34 Joer ale Mëttelfeldspiller ënnert anerem Profi zu Sankt Gallen an der Schwäiz a beim FC Metz.

Mario Mutsch hält op / Reportage Franky Hippert

Back to Top
CIM LOGO