
D’Spuenier hu bis dato am Grupp A nach kee Match verluer a kruten och nach kee Gol geschoss. Den Tom Hoffmann stellt Iech de Géigner vum F91 vir an huet sech mat engem Spiller ënnerhalen, deen de schéinste Match vun der Saison verpasse wäert.
Mam FC Sevilla waart en Donneschdeg den Owend eng vun deene gréissten Ekippen aus der Europa-League op den F91 Diddeleng. D’Spuenier hunn d’Konschtstéck nämlech fäerdeg bruecht, d’Europa League 3 Mol hannereneen ze gewannen. Och wann de Julen Lopetegui, deen d’lescht Saison nach op der Trainerbänk vum Real Madrid souz, op europäeschem Plang, par Rapport zum Championnat rotéiert, gi se dowéinst net méi schwaach, sou de Mario Pokar.
Mario POKAR: „Den FC Sevilla huet eng enorm Qualitéit, a wann e Spiller um Terrain steet, deen net dacks d’Chance kritt, Europa League ze spillen, ass een esou nach méi motivéiert. Dowéinst mécht dat fir eis kee groussen Ënnerscheed.”
Fir den F91 gëllt et en Donneschdeg den Owend virun allem opzepassen, dass den FC Sevilla net ze vill Confiance kritt, soss kéint ee gären iwwerrannt ginn, esou den Trainer Betrand Crasson op der Pressekonferenz virum Match. Dat confirméiert och de Mario Pokar.
Mario POKAR:„Mir musse vun Ufank u fokusséiert sinn an dierfen eis kee Feeler erlaben, well dat direkt bestrof gëtt.”
Batter fir den Diddelenger Mëttelfeldspiller ass, dass hien de schéinste Match vun der Saison wéinst enger Blessur verpasst.
Mario POKAR:„Fir mech ass et extrem batter. Zemools, well ech mech virun 1 Woch blesséiert hunn. Meng Elteren a Schwéiereltere sinn hei an elo muss ech mat hinnen de Match vun der Tribün aus kucken.”
An e puer Minutte mécht sech den F91 Diddeleng op de Wee fir an den Estadio Ramon Sanchez Pizjuan, wou en Donneschdeg den Owend 30.000 Spectateuren erwaart ginn. Dorënner eng 100 Supporter vum F91, déi een awer kaum héiere wäert.
De Match tëscht Sevilla an Diddeleng kënnt Dir Live vun 20.45 Auer un um 2. RTL , um Radio, souwéi op RTL.lu suivéieren.